An der Finall klappt de Spuenier den Novak Djokovic an 3 Sätz a konnt domadder säin zweeten Titel bei de Wimbledon Championships gewannen.

Nodeems um Samschdeg d'Barbora Krejcikova hiren éischten Eenzeltitel beim brittesche Grand Slam zu Wimbledon gewonnen hat, stoung um Sonndeg d'Finall vun den Hären um Programm.

An do huet sech um Enn de Carlos Alcaraz kloer an dräi Sätz mat 6:2, 6:2 a 7:6 duerchgesat. Et ass de 4. Grand-Slam-Titel fir de Spuenier an dat just mat 21 Joer.

Direkt am Ufank konnt den Alcaraz no engem ëmkämpften éischte Jeu dem Djokovic de Service ofhuelen. De Serb ass net gutt an de Match koum a louch no engem zweete Break séier mat 1:4 hannen. Den Alcaraz war weiderhin iwwerleeën an huet den 1. Saz mat 6:2 fir sech entscheet.

De Spuenier huet weider den Tempo am Spill diktéiert a konnt sengem Géigner de Service am zweete Saz direkt nach emol ofhuelen. Dem Djokovic ass géint dem Alcaraz säi quasi feelerfräit Spill näischt agefall an huet no engem weidere Break den zweete Saz mat 2:6 verluer.

Den drëtte Saz war ausgeglach, beim Stand vu 4:4 ass dem Alcaraz awer e Break gelonge. De Serb huet net opginn an him ass de Rebreak gelongen. No zwee weidere Spiller ass et an den Tie Break gaangen. Den Alcaraz huet sech séier e klenge Virdeel erausgespillt a konnt mat 7:4 d'Iwwerhand behalen.

Et war eng eesäiteg Finall, déi mam Carlos Alcaraz e verdéngte Vainqueur fonnt huet.