E Mëttwoch den Owend stoung am Kader vum éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun de Réckmatch tëscht Déifferdeng a Klaksvik um Programm.

Déifferdeng muss an d'Conference-League-Quali / Reportage Serge Olmo

No der 0:2-Defaite am Allersmatch hunn déi Déifferdenger géint Klaksvik op mannst zwee Goler misse schéissen, fir an d'Verlängerung ze kommen. Dëst ass hinnen, obschonns si däitlech méi Spillundeeler haten, net gelongen, soudatt Déifferdeng doheem net iwwert en 0:0 géint Klaksvik erauskënnt an domadder am zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun untriede muss, wou et da géint Schymkent aus Kasachstan geet. Dobäi hat de Match awer villverspriechend ugefaangen.

D'Spectateure kruten eng éischt Hallschent ze gesinn, an där déi Déifferdenger vun Ufank un de Match bestëmmt an nëmmen a Richtung géigneresche Gol gespillt hunn. Schonn no zwou Minutte sollt fir d'Minetter dobäi eng gutt Occasioun eraussprangen. Allerdéngs konnt de Rychelmy eng laang Déifferdenger Flank net cadréieren, soudatt d'Chance verpufft ass. An der 9. Minutt hate scho vill Déifferdenger de Ball am Filet gesinn. Dëst nodeems den Jorginho no enger schéiner Pass vum Rychelmy eleng virum Golkipp vu Klaksvik opgedaucht ass. Dëse konnt dem Jorginho säi Schoss sensationell mat de Fangerspëtzen deviéieren, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. Vun de Gäscht war iwwerdeems näischt ze gesinn. Si hu permanent probéiert op Zäit ze spillen a Sekonne vun der Auer ze huelen. Déifferdeng huet awer weider probéiert de wichtegen 1:0 ze fannen. Mä weder dem Trani mat sengem schéine Schoss aus gutt 25 Meter nach dem Jorginho mat sengem fulminante Schoss aus der Distanz sollt dëst geléngen. D'Männer vun de Färöer-Inselen hu weider de Bëtong gemëscht an déi Déifferdenger hunn hinnen dobäi duerch eng rout Kaart, déi de Bedouret no engem VAR-Asaz an der 34. Minutt gesinn huet, ënnert Äerm gegraff. Klaksvik huet doropshin de Ball an den eegene Réie gehalen, soudatt et de Minetter schwéier gefall ass, sech Chancen ze kreéieren an et mat engem 0:0 op den Téi gaangen ass.

Nom Téi huet Déifferdeng awer nees d'Heft an d'Hand geholl an op de Gol gedréckt. Esou war et de Brusco, deen an der 53. Minutt de Ball no enger Fräistoussflank knapps verpasst huet. An och am weidere Verlaf vun der zweeter Hallschent sinn déi Déifferdenger zu Chancë komm, mä ëmmer nees war e Fouss oder Réck vun engem Spiller vu Klaksvik dotëscht. Klaksvik huet sech doropshi weider zréckgezunn an huet déi Déifferdenger komme gelooss, déi allerdéngs vun der 70. Minutt u Schwieregkeeten haten, fir sech virun de géigneresche Gol ze spillen. Et huet souwuel u Prezisioun ewéi och u Kreativitéit gefeelt, soudatt een op Schëss aus der Distanz zréckgegraff huet, déi ëmmer nees geblockt konnte ginn. An der 82. Minutt war et nees de Jensen am Gol vu Klaksvik, deen dofir gesuergt huet, dat Déifferdeng kee Gol markéiere konnt. Dës Kéier konnt hien e Kappball vum Jorginho aus kierzter Distanz paréieren. Um Enn sollt et net den Dag vun den Déifferdenger sinn, déi sech virgeheie mussen, net zwéngend genuch opgetrueden ze sinn a sech duerch eng domm rout Kaart selwer geschuet ze hunn.