"De paralympesche Sport huet sou vill ze bidden"
D'Katrin Kohl huet sech fir d'paralympesch Spiller qualifizéiert. Mat der Sportlerin hu mer iwwer d'Ambitiounen an d'Passioun fir de Sport geschwat.
D’Sportlerin trainéiert reegelméisseg zu Dikrech um Liichtathleetikstadion. Mir hu si op engem Training begéint.
Éier et an de Rennrollstull geet, muss d'Muskulatur anstänneg waarm gemaach ginn, erzielt déi 28 Joer al Athletin. Eng normal Sessioun dauert ronn 90 Minutten.
"Ech maache Rennrollstull a méi spezifesch, de Sprint. Dat heescht, an der Kompetitiounszäit maachen ech 100 bis 800 Meter, mee mat der Spezialiséierung op 100 Meter. Et geet elo drëm, Kraaft an d'Eenheeten eranzebréngen, d'Sprëtzegkeet eranzebréngen an awer och d'Technik nach ze verbesseren."

Ganz spéit fir Sport begeeschtert
Déi jonk Fra huet en oppene Réck, eng Spina Bifida. Vu Kand u sëtzt si am Rollstull. D'Passioun fir de Sport ass relativ spéit komm, ugangs huet si Basketball gespillt a gedanzt.
"Ech hunn e puer Joer déi dräi Saache gläichzäiteg gemaach, dat heescht, alles esou eemol d'Woch, du koum Corona, wou d'Gruppe-Sportaarte leider ewechgefall sinn an dunn hunn ech mech méi op de Rennrollstull konzentréiert, well ech deen awer nach ëmmer ausübe kann, d'Wieder war gutt, an ech hunn eleng trainéiert."
D'Fra vun Dikrech wollt dunn nëmmen nach besser ginn an enger Disziplin an huet sech spezialiséiert op déi kuerz Distanzen (100m, 200m, 400m an 800m).
Preparatioune fir Paräis
D'Olympesch Spiller zu Paräis wäert d'Athletin suivéieren, och wann de Fokus de Moment op der Preparatioun läit. Dës Woch geet et an en Trainingslager an d'Schwäiz, fir nach un der Form ze feilen. Aarbecht a Sport mateneen ze verbannen, wier net ëmmer einfach. Si schafft beim Waassersyndikat Sidero an ass och Member vum Gemengerot zu Dikrech.
"Wéi ech ugefaangen hu mat schaffen, sot ech direkt, datt ech just 75 Prozent schaffe ginn, fir dann déi aner Zäit eeben de Sport ze maachen. Dat heescht, do hunn ech déi zwou Stonnen am Dag, déi ech net schaffen, fir Sport ze maachen."
Insgesamt bedauert d'Sportlerin, dass d'Paralympics manner am Fokus vun der Ëffentlechkeet an de Medie stinn. Lëtzebuerg wier nach wäit hannendran, wat de Sport fir Mënsche mat Behënnerung ugeet.
"De paralympesche Sport huet sou vill ze bidden. E muss eng vill méi grouss Visibilitéit kréien an der Gesellschaft, an de Medien, iwwerall, datt en einfach bei de Leit ukënnt an datt Leit gesinn, wat méiglech ass."
Sech eppes trauen
Als Message u Jonker seet si, dass een einfach soll Saachen ausprobéieren a sech interesséieren. Dat si an enger individueller Sportaart gelant ass, hätt si esou net geduecht.
"De Feeling kritt een eréischt, wann een et wierklech ausprobéiert. An et muss een et net op Kompetitiounsniveau maachen, mee einfach fir de Spaass, einfach fir awer ënner Leit ze sinn, ass absolut essentiel am Liewen."

© Rom Hankes
Ambitioune fir Paräis
D'Zil fir Paräis wier et, besser ze fueren, wéi déi lescht Kompetitiounen, do wier elo net ëmmer alles gelaf wéi geplangt. Am beschte Fall géif eng nei Beschtzäit erauskommen: "Dat ass op jidder Fall schonn e klengt Zil. Ech weess schonn, datt déi meescht, déi dobäi sinn, déi hu sech direkt qualifizéiert an net iwwer Wild-Card. Dat heescht, déi si schonn nach vill besser wéi ech."
D’Paralympesch Spiller si vum 28. August bis den 8. September. Fir d'Katrin Kohl sinn et déi éischt Spiller. Ob et den Héichpunkt vun der Karriär an och den Ofschloss ass, kéint se elo net soen: "Wéi et duerno genau weidergeet, weess ech effektiv nach net esou genau, dat muss ee kucken."
D'Katrin Kohl ass de 4. September géint 12.45 Auer iwwer 100 Meter am Rennrollstull am Asaz.