De Boxmatch tëscht der Algerierin an dem Angela Carini aus Italien huet fir eng grouss medial Opmierksamkeet a vill Diskussioune gesuergt.

Sou vill Opmierksamkeet kritt d'Fraeboxen seelen. Ma zanter dem Boxmatch tëscht der Angela Carini an der Algeerierin Imane Khelif, bei där d'Italienerin no nëmme 46 Sekonnen opginn huet, steet d'Netz Kapp wéinst dem Geschlecht vun der Boxerin aus Nordafrika.

D'Imane Khelif war grad wéi d'Taiwanesin Lin Yu-Ting d'lescht Joer vun der internationaler Boxfederatioun fir d'Weltmeeschterschaft gespaart ginn, well se e Geschlechtstest net gepackt hätten. Em wéi eng Tester et sech hei gehandelt huet, huet d'IBA (International Boxing Association) net präziséiert.

RTL

Lin Yuting, hei rieds am Bild / © AFP

Et kéint net sinn, datt d'Männer géint Frae boxen, war sech no der Aachtelsfinall an der Woch am Netz echaufféiert ginn. Leit wéi den Donald Trump, déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni an nach ënnert anerem déi bekannte brittesch Schrëftstellerin J.K. Rowling, fir nëmmen déi ze nennen, hu mat gemëscht.

E Freideg huet de Porte-Parole vum Internationale Olympesche Comité (IOC) Mark Adams op enger Pressekonferenz betount, datt déi algeresch Sportlerin als Fra op d'Welt komm wier, als Fra registréiert gouf an hiert ganzt Liewen als Fra gelieft hätt. Et wier keen Transgender-Fall. Den IOC steet awer selwer an der Kritik, well op sengem Internetsite ze liese war, datt d'Imane Khelif méi héich Testosteronwäerter hätt. Déi Informatioun ass antëscht verschwonnen. Frae kéinte méi héich Wäerter vu männlechen Hormoner hunn an awer Frae sinn, huet den IOC antëscht wësse gedoen.

Den internationale Boxverband IBA ass wéinst enger Rei Skandaler vun Olympia ausgeschloss an dowéinst och net fir d'Organisatioun zoustänneg. Um Samschdeg huet d'Federatioun allerdéngs bekannt  ginn, der italieenescher Boxerin dat selwecht Präisgeld vun 100.000 US Dollar ze bezuele wéi der Gewënnerin.

D'Italierin Angela Carini, déi nom Match refuséiert hat hirer Géignerin d'Hand ze ginn, seet sech antëscht traureg iwwert déi ganz Polemik an datt d'Algeerierin hir Leed deet. Si hätt näischt géint d'Khelif a géif se an den Aarm huele wa se nach emol openeen treffe géifen.

RTL

D'Carini no hirem Kampf géint d'Khelif / © AFP

D'Imane Khelif trëtt e Samschdeg géint d'Ungarin Anna Luca Hamori un a géif bei enger Victoire eng Medail kréien. Den ungareschen olympesche Comité huet vum IOC gefuerdert d'Situatioun opzeklären.
 
D'Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Spiller war dëst Joer scho vu ville Leit aus dem konservative Milieu kritiséiert ginn, well Dragqueens "das letzte Abendmahl", mat hirer Performance duerch den Dreck gezunn hätten. Sauer opgestouss war virop d'Performance vum griichesche Gott Dionysos, deen hallef plakeg a ganz blo bemoolt gesongen huet.

RTL

© AFP