Olympesch Spiller: 100m mam Patrizia van der WekenD'Finall erreeche gëtt schwéier, ma net onméiglech, sou hiren Trainer

Yannick Glod
Lynn Kayser
Den Trainer Arnaud Starck huet mat RTL iwwer d'Preparatioune vun der Lëtzebuerger Leeferin geschwat an op wat si besonnesch oppasse muss.
© ATP/Luxpress

E Samschdeg den Owend um 19.59 Auer ass d’Patrizia van der Weken an der Halleffinall iwwer 100 Meter am Asaz. RTL huet am Virfeld mat hirem Trainer Arnaud Starck geschwat a gefrot, wat wichteg gëtt a wéi d’Chancen op eng méiglech Participatioun an der Finall stinn.

D’Halleffinallen iwwer 100 Meter kënnt Dir den Owend live op RTL ZWEE an RTL.lu kucken an och am Liveticker hale mir Iech um Lafenden.

All klenge Feeler misst evitéiert ginn

Extrait Arnaud Starck (1)

Den Trainer Arnaud Starck huet virun der Course gemengt, “et misst ee versichen, all déi kleng Feeler ze evitéieren, déi wärend der Course optriede kéinten.” D’Patrizia van der Weken hätt mëttlerweil esou vill Experienz gesammelt, dass si domat keng Problemer dierft hunn an d’Course “esou fléissend an ouni Feeler” lafe sollt.

Et wier awer immens schwéier, sech fir d’Finall ze qualifizéieren, well déi zweet Halleffinall immens staark besat wier. Ënnert anerem déi dräi Favoritinnen op d’Medaile wieren an dëser zweeter Halleffinall. Bei enger Participatioun an der éischter oder drëtter Halleffinall hätt d’Lëtzebuergerin besser Chancen op d’Finall gehat. “Et ass elo awer déi virgezunne Finall fir hatt”, esou den Arnaud Starck.

Finall net onméiglech, ma et misst ee realistesch bleiwen

Extrait Arnaud Starck (2)

D’Patrizia van der Weken misst ënnert déi zwee Bescht lafen, fir an d’Finall ze kommen. Awer och déi drëtt oder véiert Plaz géif hir nach eng Chance loossen, mee si misst drop hoffen, dass d’Leeferinnen an den aneren Halleffinalle keng besser Zäite géinge lafen. “Et wier näischt onméiglech, mee et misst ee realistesch bleiwen”, huet den Trainer vun der Lëtzebuergerin nach gemengt. Senger Meenung no, hätt si d’Potenzial ënnert déi éischt fënnef an hirer Halleffinall ze kommen, dat géif hirem Niveau entspriechen.

Et géifen och nach vill aner Parameter matspillen, wéi d’Wandkonditiounen, mee d’Lëtzebuergerin sollt sech net ze vill Gedanke maachen an op sech selwer vertrauen.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller
RTL-Artikel (3.8.24): Van der Weken no Quali fir d'100m-Halleffinallen: “Ech versichen, esou no wéi méiglech un d’Finall erunzekommen”

Back to Top
CIM LOGO