Mam Ni Xia Lian, Sarah De Nutte a Luka Mladenovic waren dräi FLTT-Athleten op den Olympesche Spiller zu Paräis.

Mam Pol Pierret ass am Dëschtennis awer och ee Lëtzebuerger Arbitter an der franséischer Haaptstad dobäi, deen och déi lescht Deeg nach am Asaz war.

De kompletten Interview mam Pol Pierret

Nieft den Athlete sinn och e puer honnert Arbitteren aus enge 50 Länner bei den Olympesche Spiller dobäi. Dorënner och de Pol Pierret, deen eis am Interview erzielt huet, wéi en iwwerhaapt bei den Arbitrage komm ass. Ugefaangen huet hien 2006, well säi Veräin, d'Union Lëtzebuerg, deemools en Arbitter gebraucht huet.

Hien ass frou, zu Paräis kënnen dobäi ze sinn. De Wee bis dohinner war ee laangen, mat villen Examen an Evaluatiounen. Dat Ganzt huet sech awer gelount. "Et ass einfach sensationell déi Erfarung", seet den Arbitter, deen nuets nach vun der Stëmmung an der Paris Arena Sud dreemt.

RTL

Nieft dem Dëschtennis hat de Pol Pierret awer och nach Zäit, aner Sportaarte kucken ze goen, och wann dat net ganz esou geklappt huet, wéi hie sech dat erhofft hat. Deemno konnt hie Villes net kucke goen, well d'Ticketen alleguerte verkaaft goufen. Den Triathlon an d'Vëloscourse vun den Häre war hie sech awer ënnert anerem ukucken.

En Donneschdeg wäert de Pol Pierret nach e weideren Asaz op den Olympesche Spiller hunn. Donieft hofft hien, och nach bei der Finall kënnen dobäi ze sinn.

RTL

De Pol Pierret zesumme mam Andy Cattazzo vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun.