Frankräich muss sech am Futtball Spuenien geschloe ginn

© AFP
E Freideg den Owend ass bei den Olympesche Spiller zu Paräis d'Finall am Futtball bei den Häre gespillt ginn.
Am Futtball geet bei den Hären d'Goldmedail u Spuenien. An enger spannender Finall hunn d'Spuenier an der Verlängerung alles kloer gemaach an den Dram vun de Fransousen, den Titel am eegene Land ze gewannen, zerstéiert.
Spuenien huet um Enn mat 5:3 gewonnen. Et ass deen zweeten Titel bei Olympesche Spiller. 1992 hat een zu Barcelona Gold gewonnen.
Frankräich war no 11 Minutten duerch de Millot mat 1:0 a Féierung gaangen. Duerno konnten d'Spuenier de Match dréinen. Duerch Goler vu Lopez (18', 25') a Baena (28') ass ee mat 3:1 an d'Paus gaangen.
No der Paus konnt d'Ekipp vum Thierry Henry duerch den Akliouche an der 73. Minutt op 2:3 verkierzen. De Mateta huet dunn an der Nospillzäit vum Punkt den 3:3 geschoss an esou d'Fransousen an d'Verlängerung gerett.
Hei war Spuenien déi besser Ekipp. De Camello huet mat zwee Goler fir d'Decisioun an d'5:3-Schlussresultat gesuergt.
Marokko hat de Match ëm Bronze mat 6:0 géint Ägypten gewonnen.