USA wannen d'Finall géint Brasilien, Bronze ass fir Däitschland

© LUIS ROBAYO/AFP
Nodeems Brasilien am Ufank méi staark war, sinn d'Amerikanerinne géint de Spillverlaf a Féierung gaangen an hunn d'Partie mat 1:0 fir sech entscheet.
Et war eng Finall an där den Tempo vun Ufank un héich war. An den éischten 20 Minutten hat Brasilien méi vum Spill a war méi geféierlech virum Gol. An der 16. Minutt huet den 1:0 vum Ludmila wéinst Abseits awer net gezielt. No an no sinn awer och d'Amerikanerinne besser an d'Partie komm. D'Swanson ass an der 26. Minutt awer un der Golkipperin hänke bliwwen. Kuerz virun der Paus hat d'USA Chance, net a Réckstand ze geroden. No enger Flank vu riets huet d'Naeher am amerikanesche Gol missen eng Glanzparad géint d'Gabi Portilho weisen. D'Brasilianerin hat aus kuerzer Distanz e secke Schoss lassgelooss. Mam 0:0 sinn d'Säite gewiesselt ginn.
No der Paus war Brasilien weiderhi méi aktiv, d'USA sollten an der 57. Minutt awer a Féierung goen. D'Swanson gouf vum Albert mat enger schéiner Pass an Déift geschéckt. D'Stiermerin huet de Ball ouni Problemer am Filet ënnerbruecht. Nom Géigegol war Brasilien veronséchert an d'Amerikanerinnen hunn op den 2. Gol gedréckt. An der Schlussphas huet Brasilien nach emol alles probéiert, richteg geféierlech virum amerikanesche Gol sollt et awer net méi ginn. D'USA huet sech mat 1:0 duerchgesat a ka sech iwwer Gold freeën. D'Sëlwermedail war deemno fir Brasilien.
No enger 1:0-Victoire géint Spuenien, huet sech Däitschland um Freideg déi 3. Plaz an d'Bronzemedail geséchert.