Datt den Tom Habscheid mat engem Handicap op d'Welt koum, hënnert den 38 Joer ale Bommstousser net un enger Sportlerkarriär.

Den Tom Habscheid treffe mir zu Diddeleng um Trainingsterrain vum CAD, dem Liichtathletik-Club vum Sportler. Den 11. August huet den Athlet seng 38 Joer gefeiert - ronn dräi Woche virum Optakt vun de Paralympics zu Paräis.

"D'Spiller zu London hu mech inspiréiert, Sport ze maachen"

"D’Englänner si sportverreckt", esou den Tom Habscheid am RTL-Sonndesinterview. "Ech selwer konnt och schonn an England virun Dausende vu Leit untrieden. Dat ass richteg cool." Dat erzielt eis de Paralympic-Sportler a laacht dobäi iwwert dat ganzt Gesiicht. D’Summerspiller 2012 an der brittescher Haaptstad haten dem Tom et also ugedoen.

Beim Celtic huet seng Sportlerkarriär ugefaangen. Zanter 2014 ass den Athlet mëttlerweil beim CA Diddeleng lizenzéiert. No Rio an Tokio ginn d’Spiller Enn August bis ugangs September déi drëtt Participatioun fir de Bommstousser. Op dës Editioun freet hie sech besonnesch.

"Ech muss nach alles trainéieren, fir prett ze sinn"

Dat erzielt eis e gutt gelaunten Tom Habscheid wärend dem Gespréich. Dobäi kann hien d’Laachen net verstoppen. "Regeneratioun steet um Programm, awer och nach méi explosiv muss trainéiert ginn. Traininge ginn zum Schluss net méi onbedéngt méi laang an intensiv, mee dofir méi kuerz an intensiv." Sou erkläert eis de Bommstousser säi Programm nach bis den Optakt vun de Paralympics an der franséischer Haaptstad. Un der Technik feilen a schaffe misst awer och nach gemaach ginn.

"Ech well et besser maachen, ewéi zu Tokyo"

Sou klengt dem Tom säin Zil fir Paräis. "Zu Tokyo gouf ech Véierten." 13 Meter 92 hat den Athlet virun 3 Joer d’Bomm gestouss. "Mäin Zil ass, iwwer 13m92 ze kommen. Wann mir dat geléngt, sinn ech zefridden. De Recht ass alles Bonus", esou de Lëtzebuerger Sportler Tom Habscheid. "Et kribbelt schonn am Bauch."

“Den Eddie the Eagle ass fir mech e Virbild.” Dësen englesche Schisprénger ass fir den Tom Habscheid e Virbild, well hien ni opginn hätt. "Hie konnt ni gutt Sport maachen, huet awer gekämpft fir dat, wou hie gestanen huet", erkläert eis de Paralympic-Sportler säi Virbild. "Als Erwuessenen huet ee keng Virbiller méi. Da gëtt ee selwer Virbild. Fir seng Kanner, fir seng Famill", esou den Tom weider.

"Mäin Handicap war fir mech ni eng Hexerei"

Den Tom Habscheid koum mat enger Behënnerung op d’Welt. Säi lénkst Been ass e Stéck méi kuerz, ewéi "normal". "Den Handicap ass ugebuer. Ech si gewinnt domadder. Et ass sécher keng einfach Saach, mee alles ass méiglech wann ee wierklech well", erzielt eis den Tom wärend dem Interview. "Wann een den Éiergäiz mat der Schëpp gefriess huet, ass alles méiglech", esou en iwwermotivéierte Sportler.

Den Tom ass Papp vun zwee Bouwen, 6 an 8 Joer al, déi allen zwee iwwert dem Papp seng Behënnerung Bescheed wëssen. Si ware bis ewell am Schwammen, wëllen awer elo an de Fussball, bei den F91 spille goen. 
 
D’Paralympics zu Paräis si vum 28. August bis den 8. September 2024. Den Tom Habscheid trëtt de 7. September owes um 20.25 Auer un.