
En Donneschdeg den Owend ass d’Patrizia van der Weken nees bei enger Manche vun der Diamond League an der Liichtathletik un den Depart gaangen. D’Lëtzebuergerin huet sech zu Lausanne an der Schwäiz an enger staark besater 100m-Course mat engem Chrono vun 11,24 Sekonnen als Aacht klasséiert.
Gewonne gouf d’Course souverän vun der Europameeschterin Dina Asher-Smith aus Groussbritannien. Si ass eng Zäit vun 10,88 Sekonne gelaf, wat eng nei Saison-Beschtzäit fir si ass.
De Podium gouf komplettéiert vum Tamari Davis aus den USA an dem Mujinga Kamundji aus der Schwäiz.
