Péiteng an Déifferdeng mat klore Victoiren, éischt Punkte fir d'Fola

© Steve Beckers / RTL
Nom véierte Spilldag hu mat Déifferdeng, Hesper an Nidderkuer dräi Veräiner de Maximum vun 12 Punkten um Konto.
Um 4. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat hunn no Hesper e Samschdeg den Owend och Nidderkuer an Déifferdeng e Sonndeg hir véiert Victoire an dëser Saison gefeiert.
De Champion Déifferdeng ass op Munneref mat 4:0 wanne gaangen. No Goler vu Simoes, Trani a Jorginho war de Match no den éischte 45 Minutte schonn decidéiert. Sekonne viru Schluss huet de Brusco mam 4:0 fir de Schlusspunkt gesuergt.
De Progrès war Rouspert mat 2:1 iwwerleeën. De Progrès war kuerz virun der Paus duerch een Eelefmeter vum Bah mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 52. Minutt haten d'Gäscht duerch de Marques ausgeglach. Den decisive Gol huet den Daham an der 72. Minutt markéiert.
Péiteng huet eng kloer 4:0-Victoire géint den Opsteiger Beetebuerg gefeiert. Duerch zwee Goler vum Shala stoung et an der Paus 2:0. An der zweeter Hallschent hunn Ali a Fuss fir d'Schlussresultat gesuergt.
Eng weider Victoire gouf et dann och fir Diddeleng. Den F91 huet sech awer alles anescht wéi einfach géint Rodange gedoen. Bei der 3:2-Victoire haten d'Gäscht zweemol ausgeglach, ma déi drëtt Féierung hunn déi Diddelenger dunn awer iwwer d'Zäit bruecht.
D'Fola ka sech iwwerdeems iwwert déi éischt Victoire an dëser Saison freeën. Mat 1:0 huet ee géint Wolz gewonnen.
Dann huet sech Hueschtert duerch e spéiden 2:1 géint Monnerech dräi Punkte geséchert an tëscht Stroossen an dem Racing si keng Goler gefall.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Hueschtert - Monnerech 2:1
1:0 Avdusinovic (14', Eelefmeter), 1:1 Swistek (83'), 2:1 Avdusinovic (88')
Péiteng - Beetebuerg 4:0
1:0 Shala (30'), 2:0 Shala (43'), 3:0 Ali (47'), 4:0 Fuss (70')
Nidderkuer - Rouspert 2:1
1:0 Bah (41'), 1:1 Marques (52'), 2:1 Daham (72')
Diddeleng - Rodange 3:2
1:0 Benkhedim (10'), 1:1 Messuwe (27'), 2:1 Schaus (52'), 2:2 Dzanic (59'), 3:2 Bojic (76')
Fola - Wolz 1:0
1:0 Diakhite (81')
Stroossen - Racing 0:0
Munneref - Déifferdeng 0:4
0:1 Simoes (20'), 0:2 Trani (32'), 0:3 Jorginho (36'), 0:4 Brusco (90+4')