Den FLF-President Paul Philipp hat RTL géintiwwer e Mëttwoch scho confirméiert, dass de Match géint Belarus e Sonndeg kéint gespillt ginn.

Um Freideg am Nomëtteg koum vun der Stad Lëtzebuerg e Pressecommuniqué, deen déi Informatioun bestätegt. 
An deem Schreiwes ass och ze liesen, dass den Terrain mat engem Pilz infizéiert ass, duerch deen den Terrain optesch kee gutt Bild hannerléisst. Dat hätt awer keen Afloss drop, dass um Terrain kéint Futtball gespillt ginn.

Dat wier vum "Labor für Landschafts- und Sportstättebau" (LLS) bestätegt gi mat der Wierder "Der Platz ist gut und weist keine Bedenken auf".

Aktuell gëtt et keen Traitement, fir de Pilz kuerzfristeg z'eliminéieren. D'Stad Lëtzebuerg schafft awer enk mat der Firma zesummen, déi den Terrain verluecht huet, fir de Pilzbefall an de Grëff ze kréien, an esou dofir ze suergen, dass den Terrain geschwënn nees an engem perfekten Zoustand ass.

E Sonndeg um 15 Auer spillt d'Futtball-Nationalekipp an der Nations League géint Belarus. Dee Match kënnt Dir wéi gewinnt op RTL ZWEE, grad ewéi op RTL Play an RTL.lu live kucken.