Chiefs wanne Spëtzematch, Saints iwwerrenne Panthers
© hoto by Chris Graythen / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Déi nei Saison vum American Football huet dëse Weekend ugefaangen, an dat direkt mat enger Spëtzepartie an der Nuecht op e Freideg.
Direkt fir den Optaktmatch hunn d'Baltimore Ravens missen op Kansas City bei d'Chiefs reesen, eng Partie, déi ee sech och méi spéit an de Playoffs géif wënschen. Déi éischt Hallschent war nach richteg ausgeglach a keng Ekipp konnt sech wierklech e groussen Avantage erausspillen. Béid Ekippe si mat hirem éischten Drive an d'Endzone komm an hunn dono de Ball e puer Mol ofginn. Mat zweet Fieldgoals hannerteneen hunn d'Chiefs sech e klenge Virsprong erausgespillt, deen d'Ravens awer kuerz virun der Paus nees verkierzt hunn. Den drëtte Quarter huet dunn den Chiefs gehéiert, déi hei e 7:0 konnte maachen. Am leschte Véierel gouf et nach eng Kéier interessant, well Jackson a Co richteg opgeholl hunn. Sekonne viru Schluss ware si mat 20:27 am Réckstand an den Jackson huet an der Endzone de Likely fonnt, an all Mënsch huet "Touchdown" geduecht. Ma de Likely war mat den Zéiwespëtzten ausserhalb vun der Endzone, esou datt d'Arbitter dësen Touchdown nom Videobeweis nees zeréckgeholl hunn an d'Chiefs dës Partie wuertwiertlech op e puer Millimeter gewanne konnten.
Eng ganz enk Geschicht war de Match vun de Houston Texans bei den Indianapolis Colts. Hei war déi ganz Partie iwwer quasi alles dran. D'Texans waren zwar de gréissten Deel vun der Partie am Avantage, wéi beim 6:0, dem 12:7 oder dem 15:13, ma sécher konnte si sech ni sinn, dës Partie och zum Schluss ze gewannen. Am leschte Véierel hu béid Ekippe 14 Punkten op d'Tafel bruecht, ma d'Colts koumen an de leschten zwou Minutten net méi a Ballbesëtz, esou datt d'Ekipp aus Houston d'Auer beim Stand vun 29:27 eroflafe konnt loossen.
Dogéint war d'Victoire vun den New Orleans Saints doheem géint d'Carolina Panthers ganz kloer. An dësem NFC-South-Match sinn d'Panthers einfach net an de Match komm: 17:0 nom éischte Véierel an 30:3 an der Paus. Dono hunn d'Saints de Gas e bëssen erausgeholl a "just" nach 17 Punkten an der zweeter Hallschent markéiert, d'Panthers koumen ëmmerhin eng Kéier an d'Endzone. Esou wannen d'Saints doheem kloer mat 47:10.
An der Topppartie vum Owend sinn d'LA Rams op Detroit bei d'Lions gereest. Et war en Duell op Aenhéicht, wou all Ekipp hir Momenter awer och hir Schwieregkeeten hat. D'Lions waren an der éischter Hallschent däitlech besser an hu just 3 Punkten zougelooss, wärend si der 10 markéiert hunn. Mat den 10 ware si och nom Pausentéi konstant, hunn der awer 17 zougelooss, esou datt dës Partie, no engem spéide Fieldgoal vun de Lions an d'Verlängerung gaangen ass. Hei hunn d'Lions du kuerze Prozess gemaach. 4 Minutten an 41 Sekonne hu se gebraucht, fir en Touchdown ze markéieren an esou hu se och evitéiert, datt d'Rams nach emol a Ballbesëtz konnte kommen. D'Lions wannen also zum Schluss 26:20.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Baltimore Ravens - Kansas City Chiefs 20:27
Green Bay Packers - Philadelphia Eagles 29:34
Pittsburgh Steelers - Atlanta Falcons 18:10
Arizona Cardinals - Buffalo Bills 28:34
Tennessee Titans - Chicago Bears 17:24
New England Patriots - Cincinnati Bengals 16:10
Houston Texans - Indianapolis Colts 29:27
Jacksonville Jaguars - Miami Dolphins 17:20
Carolina Panthers - New Orleans Saints 10:47
Minnesota Vickings - New York Giants 28:6
Las Vegas Raiders - LA Chargers 10:22
Denver Broncos - Seattle Seahawks 20:26
Dallas Cowboys - Cleveland Browns 33:17
Washington Commanders - Tampa Bay Buccaneers 20:37
LA Rams - Detroit Lions 20:26
New York Jets - San Francisco 49ers 19:32
An der Nuecht op en Dënschdeg treffen d'New York Jets nach op San Francisco 49ers.