Den norwegesche Schisprong-Olympiagewënner Daniel-Andre Tande huet nëmme fënnef Méint virun der Heem-WM zu Trondheim säi Récktrëtt erkläert.

Den 30 Joer ale Sportler huet an engem emotionale Video d'Suitte vun enger Chute als Grond fir säi Récktrëtt uginn. "Ech hunn ëmmer nach mat den Nowierkunge vu menger Chute 2021 zu Planica ze kämpfen", sou den Tande.

"Ech hunn erkenne missen, datt d'Sprange bei mir mëttlerweil méi Angscht wéi Freed ausléist. An ech hunn ëmmer gesot, datt et op esou engem Punkt Zäit ass, Äddi ze soen", sou den Tande weider. No senger Chute wärend engem Weltcup zu Planica louch den Tande zäitweis am kënschtleche Koma.

Den Tande hat 2018 mam norwegeschen Team zu Pyeongchang olympescht Gold gewonnen. 2018 war hien zu Oberstdorf am Schifléie Weltmeeschter am Eenzel ginn an huet am Schifléien och dräimol Gold mam Team gewonnen.