Futtball-, Vëlo- a Formel-1-Fans kënne sech dës Woch direkt op eng ganz Rei Live-Evenementer bei RTL freeën.

ŠkodaTour de Luxembourg 2024

Vun e Mëttwoch bis e Sonnde gëtt déi 84. Editioun vum Škoda Tour de Luxembourg gefuer. 5 Etappe mat am Ganze 707 Kilometer waarden op Coureuren. 
 
D’Kinneksetapp iwwer 201,3 Kilometer mat villen Héichtemeter gëtt e Freideg gefuer. Vu Rouspert bis op Dikrech waart net nëmmen de "Mëchelsbierg" op d'Coureuren, mee och d’Montée "um Knupp" bei Wolz. Um Circuit ronderëm Dikrech waart dann nach déi eng oder aner schwiereg Kopp op d'Coureuren. 
 
Fir eist Land ass de Škoda Tour de Luxembourg ëmmer en Highlight am Sportskalenner, mee dës Editioun gëtt och duerch eng Participatioun ganz besonnesch. De Weltmeeschter Mathieu van der Poel ass mat dobäi.
 
Dorop freet sech och eise Vëlo-Commentateur Tom Flammang: “De Plateau vun dësem Škoda Tour de Luxembourg ass excellent. Mam Weltmeeschter Mathieu van der Poel um Depart ass fir Spektakel gesuergt an d'Lëtzebuerger Coureuren hu bei der rezenter Europameeschterschaft gewisen, datt mat hinnen ze rechnen ass."

D'Auerzäite vun der Iwwerdroung (Live op RTL):

Mëttwoch, 18. September 2024: 15.00 – 17.30 Auer
Donneschdeg, 19. September 2024: 14.50 – 17.20 Auer
Freideg, 20. September 2024: 15.40 – 18.10 Auer
Samschdeg, den 21. September 2024: 14.25 – 16.55 Auer
Sonndeg, den 22. September 2024: 13.30 – 16.15 Auer

Champions League

Dës Woch ass den Optakt an déi nei Champions-League-Saison. Anescht wéi een et soss gewinnt war, gëtt net méi a 4er-Gruppe gespillt, mä elo an enger Liga vun am Ganze 36 Ekippen. No 8 Spilldeeg gëtt dann ee Klassement gemaach an hei stinn déi éischt 8 direkt an den Aachtelsfinallen. D'Plazen 9 bis 24 spillen déi aner 8 Ticketen ënnert sech aus.

Um éischte Spilldag gëtt des Kéier nieft dënschdes a mëttwochs och nach donneschdes gespillt. An duerch déi erhéichten Unzuel u Matcher sinn och zwee Spilldeeg am Januar geplangt, do war bis elo ëmmer Paus an der Champions League.

Eisen Champions-League-Commentateur Jeff Kettenmeyer war am Ufank éischter skeptesch, wat dës Reform ugeet:
 
"Elo gesäit dat Ganzt awer an der Theorie guer net esou schlecht aus, well et eng Méiglechkeet ass, fir d‘Spannung e bësse méi laang ze halen, well et an der Vergaangenheet an der Gruppephas no 4 Spilldeeg scho gréisstendeels decidéiert war. Well et nach emol méi Matcher si wéi an der Vergaangenheet, hunn Ekippe mat engem breeden an ausgeglachene Kader ee klore Virdeel. Fir mech si Manchester City a Real Madrid Topp-Favoritten. Liverpool trauen ech beim Retour an d‘Champions League relativ vill zou an och vu Barcelona kann ee sech méi erwaarde wéi déi lescht Joren."
 
Hei de Programm vun de Matcher déi mir dës Woch live op RTL ZWEE weisen:
 
Dënschdeg, 17. September 2024 um 20:45 Auer: AC Mailand – FC Liverpool
Mëttwoch, 18. September um 20:45 Auer: Manchester City – Inter Mailand
Donneschdeg, 19. September um 20:45 Auer: Atletico Madrid – RB Leipzig 

Formel 1

Mam Grousse Präis vu Singapur steet um Marina Bay Street Circuit dëse Weekend déi 18. Manche vun der Formel-1-Weltmeeschterschaft um Programm. Eng Streck, déi de Piloten alles ofverlaangt, esou den Formel-1-Commentateur Serge Pauly: 
 
"D’Nuetscourse zu Singapur liwwert net nëmme spektakulär Biller, mee de Circuit an déi extrem dompeg Meteoskonditioune si fir Mënsch a Material eng reegelrecht Tortur. A sportlech ass d'F1 am Moment esou spannend wéi scho laang net méi. Et ass onméiglech, ee Favorit fir Singapur ze designéieren. McLaren schéngt mëttlerweil op all Circuit gewannen ze kënnen, mee och Ferrari huet grouss Fortschrëtter gemaach an zu Baku huet op d’mannst de Sergio Pérez gewisen, dass et ee Feeler wier, Red Bull scho komplett ofzeschreiwen. Och am WM-Duell Verstappen-Norris ass 7 Coursse viru Schluss nach alles méiglech."
 
Dat confirméiert de Bléck op d'WM-Tabellen. Do gëtt d’Avance vum Max Verstappen op de Lando Norris nämlech ëmmer méi kleng an zanter dem leschte Weekend huet McLaren déi 1. Plaz an der Konstrukteursweltmeeschterschaft iwwerholl.
 
De Programm vum Grousse Präis vu Singapur:
 
FP1: Freideg, 20. September 2024: 11.30 - 12.30 Auer - RTL.LU / RTL PLAY
FP2: Freideg, 20. September 2024: 15.00 - 16.00 Auer - RTL.LU / RTL PLAY
FP3: Samschdeg, 21. September 2024: 11.30 - 12.30 Auer - RTL.LU / RTL PLAY
Quali: Samschdeg, 21. September 2024: 15.00 - 16.00 Auer - RTL ZWEE / RTL.LU / RTL PLAY
Course: Sonndeg, 22. September 2024: 14.00 - 15.45 Auer - RTL ZWEE / RTL.LU / RTL PLAY