De Walfer Vollekslaf ass eng vun den eelste Stroossecourssen zu Lëtzebuerg. Sonndes de 6. Oktober ass schonn déi 48. Editioun.

48. Editioun vum Walfer Vollekslaf / Reportage: Guy Seyler

Den Depart ass um 10 Auer. D’Haaptcourse geet iwwer 12 Kilometer. Mee och fir déi net esou duerchtrainéiert ass mat enger reduzéierter Streck vu 5,4 Kilometer eng Alternativ do.

D’Presidentin vun der a.s.b.l. Walfer Vollekslaf Marianne Dondelinger ass frou, datt ënnert de gutt 2.000 Leefer a Leeferinnen och praktesch déi ganz Elitt derbäi ass. Awer et geet hinnen haaptsächlech ëm de Breedesport. Si si jo e Vollekslaf a si wëlle méiglechst vill Leit motivéieren, Sport ze maachen.

Si hu Clibb an och Schoulklassen invitéiert, fir sech als Grupp am Mini-Laf anzeschreiwen. Si hoffen doduerch, u Kanner an u Jugendlecher ze kommen, déi vläicht net esou sportlech sinn, déi keng Beweegung hunn. Datt déi mat hirer Klass oder mat engem Grupp géife matlafen an och mierken, wéi flott et ass, zesumme mat de Kolleegen a mat de Frënn Sport ze maachen.

Jidderee kritt en T-Shirt an eng Medail. An och an deenen anere Kategorië ginn et interessant Präisser. Doniewent gëtt et de Challenge Marc Savic, dee si an Zesummenaarbecht mat der LASEL organiséieren. Dat ass eng Course par sections sportives. D‘lescht Joer si 548 jonk Leit aus verschiddene Lycéeë matgelaf. Déi Kleng gi wärend der Course encadréiert, datt kee sech verleeft. Wann d’Elteren zesumme matlafen, da gëtt et eng Garderie fir Kanner bis 8 Joer. D’CFL huet deen Dag en "Train spécial WALFY“ agesat, deem Iech pünktlech op d'Plaz bréngt. Fir déi Jugendlech ass d’Inscriptioun gratis, wann Dir Iech bis spéitstens den 23. September online um Site www.walfy.lu umellt. Deen Delai gëllt och fir all déi aner. Dann ass d’Inscriptioun méi bëlleg an Dir kritt den Dossard heemgeschéckt.

RTL

© Guy Seyler