Liverpool klappt den AC Mailand, Real wënnt géint Stuttgart

© GIUSEPPE MAFFIA/NurPhoto via AFP
Bayern München huet héich géint Zagreb gewonnen. Donieft gouf et Victoirë fir Juventus, Sporting Lissabon an Aston Villa.
Fir den Optakt an déi nei Champions-League-Saison gouf um Dënschdeg Owend fir d'éischt am neie Modus gespillt.
Liverpool huet sech am San Siro mat 3:1 géint AC Mailand behaapt. D'Ekipp vum Arne Slot hat d'Ufanksphas verschlof, konnt de Match awer nach virun der Paus dréinen. An der Suite huet Liverpool de Match geréiert an um Enn verdéngt gewonnen.
Real Madrid hat an den éischte 45 Minutte Krämpes géint Stuttgart, no der Paus ass awer séier den 1:0 gefall. Stuttgart huet dogéint gehalen, konnt d'1:3-Defaite awer net verhënneren. Eng helle Wull Goler gouf et an der Allianz Arena, wou Bayern keng Problemer hat, fir sech mat 9:2 géint Dinamo Zagreb duerchzesetzen. De Kane huet net manner wéi 4 Goler markéiert.
Donieft gouf et eng kloer 3:0-Victoire fir Juventus géint Eindhoven an d'Young Boys vu Bern haten um 1. Spilldag keng Chance bei der 0:3-Néierlag géint Aston Villa. Sporting Lissabon huet eng 2:0-Victoire géint Lille gefeiert.
AC Mailand - Liverpool 1:3
1:0 Pulisic (3'), 1:1 Konaté (23'), 1:2 van Dijk (41'), 1:3 Szoboszlai (67')
De Match am San Siro huet keng Ulafzäit gebraucht an d'Heemekipp ass no 3 Minutten 1:0 a Féierung gaangen. Liverpool stoung ze héich an de Pulisic gouf iwwer riets geschéckt. Am Strofraum ukomm huet hien de Ball am laangen Eck ënnerbruecht.
Liverpool huet eng Véierelsstonn gebraucht, fir an d'Partie ze kommen, ass dono awer richteg un d'Rulle komm. An der 17. Minutt huet de Salah just d'Lat getraff, éier de Konaté sechs Minutte méi spéit no engem Fräistouss per Kapp ausgeglach huet.
Mailand war veronséchert a koum quasi net méi aus der eegener Hallschent eraus. 3 Minutte nom Ausgläich ass de Jota eleng virum Gol opgedaucht, huet awer nieft de Gol geschoss. Kuerz drop ass de Gakpo um Maignan hänke bliwwen, am Noschoss huet de Salah fir déi zweete Kéier just d'Lat getraff.
D'Gäscht hunn de Fouss net vum Gas geholl an d'Heemekipp konnt näischt dogéint setzen. An der 40. Minutt huet de Maignan e Schoss vum Salah a Corner deviéiert. Doropshin sollt Liverpool duerch e Kappball vum van Dijk mat 2:1 a Féierung goen. Mat deem Resultat ass et an d'Kabinne gaangen.
No der Paus haten d'Gäscht nees déi éischt Chance, de Maignan konnt op en Neits géint de Jota paréieren. Et war déi lescht Aktioun vun der Mailänner Nummer 1, déi huet missen ausgewiesselt ginn. Fir den Torriani war et den éischte Match bei de Profien. D'Italieener stounge méi kompakt um Terrain, waren am Spill no vir awer weiderhin ze harmlos.
An der 67. Minutt sollt d'Virentscheedung falen. No enger flotter Kombinatioun gouf de Gakpo iwwer lénks geschéckt. Seng Flank huet de Szoboszlai just nach missen iwwer d'Linn drécken.
Liverpool huet an der Suite d'Partie geréiert a konnt ouni Problemer déi éischt Victoire an der Champions League feieren.
Juventus - PSV Eindhoven 3:1
1:0 Yildiz (21'), 2:0 McKennie (27'), 3:0 Gonzalez (52'), 3:1 Saibari (90+3')
Bayern München - Dinamo Zagreb 9:2
1:0 Kane (20', Eelefmeter), 2:0 Guerreiro (35'), 3:0 Olise (38'), 3:1 Petkovic (49'), 3:2 Ogiwara (50'), 4:2 Kane (57'), 5:2 Olise (61'), 6:2 Kane (73', Eelefmeter), 7:2 Kane (78', Eelefmeter), 8:2 Sané (85'), 9:2 Goretzka (90+2')
Young Boys Bern - Aston Villa 0:3
0:1 Tielemans (27'), 0:2 Ramsey (38'), 0:3 Onana (86')
Real Madrid - VFB Stuttgart 3:1
1:0 Mbappé (46'), 1:1 Undav (68'), 2:1 Rüdiger (83'), 3:1 Endrick (90+6')
Sporting Lissabon - Lille 2:0
1:0 Gyökeres (38'), 2:0 Debast (65')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.