"The team to beat ass Gréngewald", sou d'Nadia Mossong mam Bléck op d'Saison

De Gréngewald feiert de Championstitel 2024 / © RTL-Archivbild
Am Basket-Championnat gëtt vum Weekend un erëm gespillt.
Bei den Damme gëtt et e puer Ännerungen, net nëmme wat d'Kadere vun den Ekippen ugeet.
Net méi néng, mä aacht Ekippe spillen an der ieweschter Divisioun. Dat heescht, datt et och en neie Spillmodus gëtt: No der Qualifikatiounsphas gëtt et eng Tëscheronn mat siwe Matcher, déi véier lescht Ekippe ginn dann an de Playdown, an déi véier éischt Ekippen an d'Halleffinallen. Et wäert och just een Ofsteiger ginn.
Fir d'Nadia Mossong, déi no der leschter Saison mam Basket opgehalen huet, sinn déi hei Ekippen a Gefor.
"Mat deem neie Modus wäerte jo véier Ekippen am Playdown spillen, menger Meenung no sinn awer tatsächlech nëmmen zwou Ekippen, déi wierklech an den Ofstig wäerte spillen, an dat si fir mech Esch an d'Musel Pikes."
Vill interessant Transferten a Changementer kéinten d'Saison spannend maachen. Beispillsweis huet Diddeleng d'MVP Ehis Etute a Richtung USA verluer an d'Mandy Geniets u Steesel, d'Esmeralda Skrijelj huet d'Amicale verlooss a spillt zu Contern, déi sech och mam Nadine Bourg verstäerkt hunn. D'Kathrin Wolff spillt elo op der Sparta. Fir d'Nadia Mossong huet awer eppes anescht méi Afloss.
"Obwuel och e puer interessante Transferte gemaach gi sinn, ass fir mech eng aner Ännerung, déi dee gréissten Impakt op de Championnat wäert hunn, an zwar déi nei Reegel vum zwee plus zwee, also wou all Ekipp zwee Profien an zwee net Profien Non-Jicl am Kader däerf hunn. Ech denken, dass vill Ekippen doduerch vill méi en déiwe Kader dës Saison wäerten hunn, an doduerch den Niveau tëscht den Ekippen och méi ausgeglach wäert sinn."
An de leschte Joren hu sech de Gréngewald an den T71 d'Titelen ënnert sech opgedeelt. Bleift dat esou?
"Generell erwaarden ech mir vun der Saison, dass vill Ekippe wäerte kompetitiv sinn an dass d'Championnat doduerch méi spannend wäert sinn, mee dass am Endeffekt awer déi selwecht Ekippen Titelen ënnertenee verdeele wäerten."
A vum Nadia Mossong wollte mir natierlech nach wëssen, wie Champion gëtt.
"Wie gëtt Champion? Ass natierlech keng einfach Fro, fir ze beäntweren. Ech géif einfach elo emol soen, the team to beat ass Gréngewald."
Beim Supercup si si där Favoritteroll och gerecht ginn an hunn Diddeleng 92 op 85 geklappt. E Samschdeg kënnt et awer direkt erëm zu deem Duell.
An der RTL Live Arena kënnt Dir och dës Saison d'Matcher nees am Livestream kucken.