Dës Woch geet et am Podcast Drëtt Hallschent ënnert anerem ëm déi vill gutt Resultater dës Saison vum Patrizia van der Weken.

Dës Woch ass d‘Patrizia van der Weken Invitée am Podcast Drëtt Hallschent. Déi aktuell Sportlerin vum Joer huet dës Saison fir ganz vill gutt Resultater gesuergt. Op der EM zu Roum koum si op déi 4. Plaz an huet just ganz knapp de Podium verpasst, bei Olympia zu Paräis koum si bis an d‘Halleffinall a beim Diamond-League-Meeting zu Paräis huet si hir éischte Victoire ganz uewe konnte feieren.

Dorëms geet et am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer. Donieft geet et awer och drëms, wéi de Sprong bannen zwee Joer an déi international Spëtzt gegléckt ass an datt d‘Sprinterin sech virstelle kann, och iwwer 200 Meter ze starten. D‘Lëtzebuergerin erzielt, wéi si als Mënsch tickt a wéi se mat Momenter eens gëtt an deene si deelweis zweiwelt a wéi et ass, fir géint Superstare wéi d'Sha‘Carri Richardson ze lafen.

De kompletten Podcast mam Patrizia van der Weken fann dir op RTL Play.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 163: Patrizia van der Weken

Déi ganz Episod vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.