Déi Lëtzebuerger Dammennationalekipp preparéiert sech de Moment op d'Handball-WM-Qualifikatioun.

Déi Lëtzebuerger Handballnationalekipp vun den Dammen huet den 1. Preparatiounsmatch géint d'Belsch verluer. Ënnert dem neien den Nationaltrainer Michel Scheuren hunn d'Rout Léiwinnen zu Nidderkuer hiren éischten Testmatch um Freideg géint d'Belsch mat 23:28 verluer.

E Samschdeg ass deen zweete Preparatiounsmatch. Um 16 Auer geet et zu Diddeleng nees géint d'Belsch.