E Mëttwoch an der Mëttesstonn goufen d'1/16.-Finallen an der Coupe de Luxembourg am Futtball ausgeloust.

Mat ënner anerem de Partië Racing géint Hesper, also de 4. géint den 3., Fola géint Péiteng a Monnerech géint Wolz, hu mer an der 1/16.--Finall vun der Coupe de Luxembourg dräi direkt BGL-Ligue-Dueller. Dobäi komme mat der Partie Käerjeng géint Miersch zwou Ekippen dobäi, déi déi lescht Saison aus der héchster Spillklass erausgefall sinn.

De Champion Déifferdeng kritt et da mat Steesel aus der Éierepromotioun ze dinn. D'Matcher ginn de Weekend vum 9. an 10. November gespillt.

Den Iwwerbléck vun all de Matcher

Futsal

Am Futsal goufen och d'Véierelsfinallen ausgeloust. Hei trëfft de Futsal Club Zolwer op den FC Bettenduerf, d'Miseler Léiwe Wëntreng spille géint den CS Suessem, den FC Déifferdeng 03 kritt d'Amicale Clervaux Futsal op Besuch an de Progrès Nidderkuer reest op Haassel bei de Futsal Halo Junace.