Dës Woch geet et am Podcast Drëtt Hallschent ëm d'Luxembourg Ladies Tennis Masters.

Mat der Tournoi-Direktesch vun den Luxembourg Ladies Tennis Masters Dan Maas gëtt et ëm déi drëtten Editioun vun dësem Invitatiounstournoi mat fréieren Toppspillerinnen, dee vun en Donneschdeg bis e Sonndeg an der Coque um Kierchbierg ass.

D'Dan Maas, déi mat hirer Ekipp wärend 25 Joer de WTA-Tournoi op der Kockelscheier organiséiert huet, erzielt wéi hir de Coup gegléckt ass, d'Ana Ivanovic dëst Joer an d'Coque ze kréien. D'Serbin ass fréier Nummer 1 an der Tennisweltranglëscht, genee wéi och d'Martina Hingis. D'Schwäizerin wollt och esouguer zejoert, no deem éischten Event 2022, bei deem sinn an der Final stoung, nees dobäi sinn. D'Organisateure wëllen awer gär Ofwiesslung bei hirem Tableau an hunn der 5-facher Grand-Slam-Gewënnerin esouguer fir déi zweet Editioun missen ofsoen. Dës Kéier ass d'Hingis awer nees dobäi. Ma d'Dan Maas huet an eisem Podcast awer och nach eng Rei aner Anekdoten erzielt.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 166: Dan Maas

Déi ganz Episod vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.