Sport professionaliséieren, Benevolat stäerken a Sportsinfrastrukture bauen
Bannent zwee Joer sinn d'Dépenses Générales vum Sport vun 41 Milliounen op 66 Milliounen Euro eropgaangen.
Domat soll 2025 de Lëtzebuerger Sport weider gestäerkt ginn an un deene richtege Schrauwe gedréit ginn. De Sportminister Georges Mischo huet e Méindeg der Press géintiwwer erkläert, wat seng Prioritéite fir dat nächst Joer sinn. Et geet vun der Vereinfachung vun administrative Saachen, iwwert déi ideal Notzung vun de Sportinfrastrukture bis hin zu der Formatioun a Sensibiliséierung vu Sportler an Trainer.
Sport professionaliséieren a Benevolat stäerken
De Lëtzebuerger Sport professionaliséieren, ma gläichzäiteg awer och de Benevolat stäerken, dat ass eng vun de Prioritéite vum Sportminister Georges Mischo a senger Ekipp fir d'Joer 2025. Méi Sue maachen net ëmmer direkt méi Succès, si musse virun allem op deene richtege Plazen investéiert ginn.
"Ob dat den Arbitrage ass, ob dat Fonctionnementskäschte sinn, ob dat Engagéiere vu Personal ass, dat am grousse Ganzen ass d'Iddi hannendrun, fir de Sport méi professionell ze maachen, ouni awer den Benevolat ze vergiessen. Dat ass déi grouss Erausfuerderung, datt mir d'Leit éischtens mol erëm zum Benevolat kréien, den Arbitrage no vir bréngen an ebe méi professionell ginn."
Sportsinfrastrukture bauen a Bestoender notzen
Sportsinfrastrukture baue wéi zum Beispill de Vëlodrome ass dat eent, dat anert ass et awer och bestoend Sitten ze notzen. Ee Kritikpunkt war dacks, datt zum Beispill Sportshalen, Terrainen oder Schwemmen, déi gréisstendeels vu Schoule genotzt ginn, net genuch accessibel waren. Hei hat de Georges Mischo mam Educatiounsminister Claude Meisch villverspriechend Gespréicher.
"De Claude Meisch ass bereet, eis ze hëllefen, fir datt mir d'Schoulinfrastrukturen no Schoulschluss besser notzen, fir datt mir eis Veräiner kënnen ënnerstëtzen. Eis Populatioun evoluéiert, doduerch komme méi Sportler bäi, d'Veräiner gi méi grouss an esou kéinte mir déi Infrastrukturen optimal notzen."
Hausse vun Aggressiounen am Sport
Wann een de Benevolat wëll stäerken oder zum Beispill méi Leit fir eng Karriär als Arbitter wëll motivéieren, ass et kontraproduktiv, wann een d'Gefill huet, datt d'Aggressivitéit um an nieft dem Terrain an de leschte Joren zougeholl huet.
"Déi Situatiounen, déi ee selwer matkritt oder déi een an de Medie gesäit, si fir mech als Sportminister inakzeptabel. Sport ass eppes, wou ee sech an enger Kompetitioun ka moossen, duerno soll een dem Gewënner gratuléieren an duerno weider trainéieren, fir besser ze ginn. Et ass een No Go, datt och virun allem am Jugendberäich, notamment am Arbitrage, d'Leit esou kritiséiert ginn, datt een d'Flemm kritt."
Donieft kritt déi Lëtzebuerger Anti-Doping-Agence ALAD méi finanziell Mëttel. Et ginn zwee Pilotprojete mat der Tennis Federatioun an der Liichtathletik Federatioun, fir ee Poste vun engem Directeur Général ze besetzen.