Donieft hunn d'Detroit Lions knapp géint d'Minnesota Vikings gewonnen an d'Baltimore Ravens hu sech géint d'Tampa Bay Buccaneers duerchgesat.

Houston Texans - Green Bay Packers 22:24
D'Defense vun de Green Bay Packers huet de Star-Quarterback vun den Texans, de C.J. Stroud komplett am Grëff gehat. Dee konnt nämlech nëmmen 10 vu sengen 21 Passen un de Mann bréngen an dat fir nëmme 86 Yards. Eenzeg d'Lafspill ronderëm den Joe Mixon huet dofir gesuergt, datt d'Texans Punkte gescored hunn. De Running Back koum op 115 Yards um Buedem an zwee Touchdowns. Op där aner Säit huet d'Packers-Passspill besser funktionéiert. Den Jordan Love koum op 220 Yards an dräi Touchdwons duerch d'Loft.

Detroit Lions - Minnesota Vikings 31:29
Géint d'Detroit Lions hunn d'Minnesota Vikings de Weekend hir éischt Néierlag missen astiechen. De Quarterback Jared Goff (280 Yards, 2 Touchdowns), de Receiver Amon-Ra St. Brown (112 Yards, 1 Touchdown) an de Running Back Jahmyr Gibbs (116 Yards, 2 Touchdowns) haten e richteg gudden Dag. Um Enn war et awer 15 Sekonne viru Schluss e Field Goal vum Jake Bates, dat fir déi knapp Victoire vun de Lions gesuergt huet.

Kansas City Chiefs - San Francisco 49ers 28:18
D'Kansas City Chiefs bleiwen och an hirem sechste Match ongeschloen. Mat 28 zu 18 setze si sech géint d'49ers duerch, déi mam Brandon Aiyuk ee weidere wichtege Spiller duerch eng Blessur verluer hunn. De Star-Quarterback vun den Chiefs, de Patrick Mahomes, wousst mat senge Passen op en Neits net ze iwwerzeegen an huet zwou Interceptions geheit, ma d'Lafspill huet richteg gutt funktionéiert a 4 Touchdowns generéiert. Wéi sou dacks dës Saison ass och d'Defense vu Kansas City ferm um Erfolleg bedeelegt. Ganzer 3 Passe vum géigneresche Quarterback goufen ofgefaangen.

Baltimore Ravens - Tampa Bay Buccaneers 41:31
Nodeems d'Baltimore Ravens d'Saison mat zwou Néierlagen ugefaangen hunn, konnte si elo fënnef Partien noenee gewannen. Fir d'Buccaneers war et déi drëtt Néierlag fir dës Saison, ma wat awer wuel méi wéidoe wäert, ass de Fakt, dass sech an dësem Match hir zwee Star-Receivere Mike Evans a Chris Godwin blesséiert hunn. Wat de Match betrëfft, war et eng ganz staark Leeschtung vum Ravens-Quarterback Lamar Jackson, deen op 5 Touchdown-Passen an 281 Yards koum.

D'Matcher am Iwwerbléck

Denver Broncos - New Orleans Saints 33:10

New England Patriots - Jacksonville Jaguars 16:32

Seattle Seahawks - Atlanta Falcons 34:14

Tennessee Titans - Buffalo Bills 10:34

Cincinnati Bengals - Cleveland Browns 21:14

Houston Texans - Green Bay Packers 22:24

Miami Dolphins - Indianapolis Colts 10:16

Detroit Lions - Minnesota Vikings 31:29

Philadelphia Eagles - New York Giants 28:3

Las Vegas Raiders - Los Angeles Rams 15:20

Carolina Panthers - Washington Commanders 7:40

Kansas City Chiefs - San Francisco 49ers 28:18

New York Jets - Pittsburgh Steelers 15:37

Baltimore Ravens - Tampa Bay Buccaneers 41:31

Los Angeles Chargers - Arizona Cardinals 15:17