Steen Olsen wënnt Riseslalom beim Saisonsoptakt

© AFP
Den Norweeger huet beim Comeback vum Marcel Hirscher op de Schi-Circuit dovu profitéiert, dass de Marco Odermatt fréi aus der Course war.
Den traditionelle Saisonsoptakt zu Sölden stoung dëst Joer ganz am Zeeche vum Retour vum Éisträicher Marcel Hirscher, deen no 2051 Deeg nees eng Schi-Course gefuer ass. Hie koum um Enn op déi 23. Plaz.
E weidere Comeback huet de Lucas Pinheiro Braathen gefeiert. De 24-Järege hat virun engem Joer wéinst engem Sträit mam norweegesche Verband zeréckgezunn a geet elo ënner brasilianeschem Fändel un den Depart. Hie gouf de Véierten.
Gewonne gouf de Riseslalom vum Alexander Steen Olsen. Den Norweeger konnt viru 17.000 Zuschauer seng Landsmänner Henrik Kristoffersen (+ 0,65 Sekonnen) an Alte Lie McGrath (+ 0,66) hannert sech loossen. Domat war de Podium komplett an norweegescher Hand.
Den Toppfavoritt Marco Odermatt aus der Schwäiz war no engem Stuerz am éischten Duerchgang fréi aus der Course.