Gerson Rodrigues markéiert éischte Gol a China

© Roland Miny (Archiv)
Seng Ekipp Guangxi Pingguo Haliao huet zu Chongqing Tonglianglong 1:1 gläich gespillt. Fir déi aner Lëtzebuerger ass et um Sonndeg net gutt gelaf.
De Gerson Rodrigues huet beim 1 :1-Remis vu senger Ekipp Guangxi Pingguo Haliao zu Chongqing Tonglianglong an der 82. Minutt den 1 :0 markéiert. An der Nospillzäit konnt de Géigner awer ausgläichen. De Rodrigues gouf an der 61. Minutt agewiesselt a konnt deemno offensiv Akzenter setzen.
An der Belsch huet Francs Borains 0:1 géint Seraing verluer. Den Alessio Curci stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 64. Minutt ausgewiesselt.
An der selwechter 2. Liga huet Beveren zu Deinze 1:3 de Kierzere gezunn. De Laurent Jans stoung de ganze Match hanne riets um Terrain. Seng Ekipp läit no 10 Spilldeeg op der 11. Plaz an der Tabell.
Den Eric Veiga stoung a Portugal bei der 2:3-Néierlag vun AVS géint Familicao net am Kader. Och fir de Seid Korac war keng Plaz am Kader bei der 0:3-Defaite vu Vojvodina beim Roude Stär vu Belgrad a Serbien.
Samschdeg
St. Pauli konnt sech auswäerts géint Hoffenheim den zweete Bundesliga-Succès vun der Saison sécheren. Mat 2:0 huet d'Ekipp vum Danel Sinani sech duerchgesat, deen dëse Spilldag net zum Asaz komm ass.
Um virleschte Spilldag vun der Saison huet Kongsvinger an der zweeter Liga an Norwegen wichteg Punkten an der Lutte ëm den Opstig leie gelooss. No engem spéide Gol huet d'Ekipp vum Lars Gerson sech missen 0:1 geschloe ginn. De Lëtzebuerger gouf no 63 Minutten ausgewiesselt.
Der Union St. Gilloise ass eng wichteg Victoire auswäerts bei KV Mechelen a leschter Minutt net gelongen. D'Ekipp vum Anthony Moris, dee wéi gewinnt tëscht de Pottoe stoung, konnt um Enn just en 1:1 verbuchen.
An der zweeter Bundesliga huet Elversberg mam lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte eng batter Néierlag missen astiechen. Beim Tabelleleschten zu Regensburg huet ee sech no engem fréie Gol misse mat 0:1 geschloe ginn.
Fir de Mathias Olesen mat Köln gouf et iwwerdeems eng knapp Victoire, dat zu Berlin géint d'Hertha. De Lëtzebuerger ass an der 79. Minutt agewiesselt ginn.
An der zweeter franséischer Liga huet Bastia mat 0:2 zu Caen de Kierzere gezunn. De Florian Bohnert stoung an der Startformatioun vu Bastia an ass no 67 Minutten erofgeholl ginn.
Fir ZSKA Sofia mam Mica Pinto gouf et an der ieweschter Divisioun a Bulgarien en 2:2 zu Plovidv. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet de Match ugefaangen a gouf no enger gudder Stonn vum Terrain geholl.
A Portugal huet Benfica sech mat 2:1 géint Farense behaapt.. De Leandro Barreiro stoung wéinst senger Verletzung weiderhin net am Kader.
An der éischter Liga a Bosnien huet FK Sarajevo ouni Problemer mat 6:0 zu Sloboda gewonnen. Bei Sarajevo ass de Mirza Mustafic no enger Stonn agewiesselt ginn.
An der zweeter hollännescher Liga gouf et een 1:1 tëscht Den Bosch a Roda. Den David Jonathans ass bei Den Bosch no 70 Minutte beim Stand vun 1:1 erakomm.
An der héchster Liga an Holland huet NAC Breda sech misse mat 0:2 géint Heracles geschloe ginn. Bei de Visiteure souz den Enes Mahmutovic déi 90 Minutten op der Bänk.
Aue huet an der drëtter Liga an Däitschland 1:1 géint Saarbrécken gespillt. Op Säit vun Aue stoung den Tim Kips net am Kader.
Freiden
An der zweeter Liga en Éisträich gouf et doheem eng 0:2-Defaite fir St. Pölten mam Dirk Carlson géint déi zweet Ekipp vu Sturm Graz. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain a krut an der Schlussphas eng giel Kaart.