Europa LeaguePorto eliminéiert Stuttgart, Nottingham wënnt am Eelefmeterschéissen

Jeff Birsens
Fir den FC Porto geet et no enger 2:0-Victoire am Retourmatch an d'1/4-Finallen. Och Nottingham steet no engem Succès am Eelefmeterschéissen zu Midtjylland an der nächster Ronn.
FC Porto's Brazilian forward #07 William Gomes celebrates scoring the opening goal during the UEFA Europa League last 16 second leg football match between FC Porto and VfB Stuttgart at Dragao Stadium in Porto, on March 19, 2026.
De William Gomes léisst sech nom 1:0 fir Porto géint Stuttgart feieren.
© AFP

En Donneschdeg goufen an der UEFA Europa League all d’Retourmatcher vun den 1/8-Finalle gespillt.

Spannend war et am fréien Owend virun allem zu Midtjylland, wou et duerch en 1:0 am Allersmatch an en 1:2 am Retourmatch an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass. Dëst war awer séier eriwwer, well déi dänesch Lokalekipp déi éischt dräi Eelefmeter verschoss huet, wärend Nottingham dräi Mol treffe konnt an domat fir déi nächst Ronn qualifizéiert war.

D’Rees an der Europa League ass da fir de VfB Stuttgart op en Enn gaangen. No enger 1:2-Néierlag um leschten Donneschdeg hat déi däitsch Ekipp och op dësem Owend zu Porto op en Neits kee Succès. E Gol vum William Gomes an der 21. Minutt an ee weidere vum Victor Froholdt an der 72. Minutt sollt dem FC Porto um Enn duergoen, fir och de Retourmatch ze wannen an domat de Wee an d'1/4-Finallen fräizemaachen.

E richtege Comeback ass dogéint der anerer däitscher Ekipp aus Freiburg géint de KRC Genk gelongen. Nodeems d’Ekipp aus dem Breisgau sech mat enger schwaacher Leeschtung an der Belsch déi lescht Woch nach eng 0:1-Defaite agefaangen hat, war een am Retourmatch net méi ze stoppen. Virun den eegene Spectateure gouf et um Enn eng kloer 5:1-Victoire.

Am italieeneschen Duell ass et Bologna dann an der Verlängerung gelongen, d’AS Roum mat engem 4:3-Succès ze eliminéieren. Trotz engem engagéierten Optrëtt vun der Roma am eegene Stadion, louch een zur Paus scho mat 1:2 hannen. Nom Säitewiessel konnt ee sech dann nach duerch zwee spéit Goler an d’Verlängerung retten, ma do sollt den Nicolo Cambiaghi awer den decisive Gol fir Bologna an der 111. Minutt schéissen a seng Ekipp ënnert déi lescht Aacht bréngen.

An deene weideren Dueller konnte sech dann nach Betis Sevilla géint Panathinaikos, Aston Villa géint Lille, Celta Vigo géint Lyon a Braga géint Ferencvaros duerchsetzen.

An de 1/4-Finalle kënnt et elo zu den Dueller Freiburg-Vigo, Braga-Betis, Bologna-Villa a Porto-Nottingham.


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Champions League vum 17. an 18. Mäerz 2026

Back to Top
CIM LOGO