Neapel verléiert géint Bergamo, Remis tëscht ManU an Chelsea

© PAUL ELLIS/AFP
An der Serie A huet Neapel fir d'éischt zanter dem 1. Spilldag nees verluer. Tottenham konnt e Réckstand dréinen an d'Partie géint Aston Villa gewannen.
An der Bundesliga ass kee Gol tëscht Freiburg a Mainz gefall. Gladbach huet sech héich géint Bremen duerchgesat.
Barcelona huet sech am Derby 3:1 géint Espanyol behaapt a bleift ganz uewen an der Tabell.
Bundesliga
Freiburg - Mainz 0:0
An der 1. Hallschent hu sech béid Ekippe méi oder wéineger neutraliséiert an et gouf kaum Golchancen op béide Säiten. Och nom Téi war den Niveau vum Match net wierklech héich. Den Amiri huet den Atubolu am Freiburger Gol gepréift, dee konnt de Schoss awer paréieren. D'Zweekämpf goufen intensiv gefouert, e Gol sollt bis zum Schluss awer net méi falen.
Gladbach - Bremen 4:1
1:0 Plea (11'), 2:0 Friedl (12', Selbstgol), 3:0 Honorat (45'), 4:0 Stöger (67'), 4:1 Topp (76')
Bremen gouf an der 1. Hallschent zu Gladbach kal erwëscht a war duerch Plea, e Selbstgol vum Friedl an engem Gol vum Honorat an der Paus 0:3 hannen. Nom Téi war et méi roueg um Terrain. No engem Gol op béide Säiten ass d'Partie mam 4:1 op en Enn gaangen. Fir Bremen war et op friemen Terrain déi éischt Néierlag vun der Saison. Gladbach klëmmt an der Tabell op déi 9. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Tottenham - Aston Villa 4:1
0:1 Rogers (32'), 1:1 Johnson (49'), 2:1 Solanke (75'), 3:1 Solanke (79'), 4:1 Maddison (90+6')
No der Victoire am League Cup géint Manchester City huet Tottenham och géint Aston Villa d'Iwwerhand behalen. Am 1. Duerchgang war et e Match op Aenhéicht, d'Gäscht si virun der Paus duerch de Rogers a Féierung gaangen. Nom Säitewiessel war Tottenham besser an den Johnson konnt ausgläichen. Mann vun der Partie war awer de Solanke, dee mat sengen zwee Goler banne 4 Minutte fir d'Virentscheedung gesuergt huet. De Maddison huet an der Nospillzäit den Deckel op d'Partie gemaach.
Manchester United - Chelsea 1:1
1:0 Fernandes (70', Eelefmeter), 1:1 Caicedo (74')
Chelsea kann am Old Trafford net gewannen. Zanter 2013 waart een op en Erfolleg zu Manchester. Et war eng equilibréiert Partie ouni Goler an der 1. Hallschent. Déi sollten nom Säitewiessel falen. De Fernandes huet d'Red Devils mat engem Eelefmeter a Féierung bruecht. D'Freed huet awer net laang gedauert, well de Caicedo 4 Minutten drop ausgeglach huet. Kuerz viru Schluss hätt de Garnacho d'Heemekipp bal mat 2:1 vir bruecht, säi Schoss goung awer nëmmen op d'Lat. Mat dem Remis verpasst Chelsea de Sprong op déi 3. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Neapel - Atalanta Bergamo 0:3
0:1 Lookman (10'), 0:2 Lookman (31'), 0:3 Retegui (90+2')
An Italien gouf et déi éischt Defaite fir Neapel zanter dem 1. Spilldag. D'Ekipp vum Antonio Conte koum doheem mat 0:3 ënner d'Rieder. D'Heemekipp hat de bessere Start erwëscht, den 1. Gol ass duerch de Lookman op der anerer Säit gefall. Neapel huet sech zwar offensiv ëmmer nees Chancen erausgespillt, d'Ofwier war op dësem Sonndeg awer ze lächereg. De Lookman huet de Virsprong virun der Paus verduebelt. No der Paus huet Atalanta de Match geréiert a konnt an der Nospillzäit nach e weidere Gol duerch de Retegui markéieren. Neapel bleift un der Tabellespëtzt, Bergamo huet awer just nach e Réckstand vun 3 Punkten.
Hellas Verona - AS Roum 3:2
1:0 Tengstedt (13'), 1:1 Soulé (28'), 2:1 Magnani (34'), 2:2 Dovbyk (53'), 3:2 Harroui (88')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
Atlético Madrid - Las Palmas 2:0
1:0 Simeone (27'), 2:0 Sörloth (84')
Eng verdéngte Victoire gouf et fir Atlético géint Las Palmas. D'Heemekipp hat déi ganz 90 Minutten iwwer méi vum Match a konnt zweemol de Ball am Filet ënnerbréngen. Vun de Gäscht koum ze wéineg, si hunn am Ganze just eemol op de Gol geschoss.
Barcelona - Espanyol 3:1
1:0 Olmo (12'), 2:0 Raphinha (23'), 3:0 Olmo (31'), 3:1 Puado (63')
Den Tabelleleader huet am Derby an der 1. Hallschent alles kloer gemaach. No Goler vun Olmo (2x) a Raphinha war d'Ekipp vum Hansi Flick no 45 Minutte schonns 3:0 vir. Espanyol huet dono dogéint gehalen, méi wéi den 1:3-Éieregol vum Puado war awer net méi dran. No 12 Matcher huet Barcelona impressionant 33 Punkten um Kont.