No zwou Woche Lännermatchpaus war et bei den Hären den 8. Spilldag. D’Dammen hunn de 7. Spilldag absolvéiert.

Axa League Hären
Am Kordall-Derby huet d’Red Boys Déifferdeng, wéi am Allersmatch, kloer 35:24 géint den HB Käerjeng gewonnen. Schonn no 12 Minutte war ville Leit an der Käerjenger Hal kloer, wien als Gewënner vum Terrain goe sollt. Do stoung et nämlech 8:2 fir d’Gäscht. Käerjeng koum iwwerhaapt net an de Match an huet och an der Defense keng Upak fonnt. De Brice Aillaud an den Daniel Tako konnten dacks ouni Géigewier duerchgoen a koumen zu einfache Goler. An der Offensiv huet ee Käerjeng ugemierkt, dass den Tom Meis gefeelt huet, mee och den Déifferdenger Golkipp Chris Auger huet seng Ex-Kolleegen de ganze Match iwwer mat sëllege Paraden zur Verzweiflung bruecht. De Match war schonn an der Paus decidéiert (10:19).

Am zweeten Duerchgang ass Käerjeng eng Äntwert op déi schlecht Leeschtung aus der éischter Hallschent schëlleg bliwwen. Déifferdeng konnt, well Käerjeng näischt entgéintzesetzen hat, den Ecart bis zum Schluss op iwwer 10 Goler eropschrauwen. Den Daniel Tako war mat 9 Goler beschte Buteur.

Méi spannend war et zu Diddeleng, wou den HBD den HC Standard um Enn awer 27:23 klappt. D’Ekipp vum Trainer Martin Hummel konnt sech no 15 Minutte lues awer sécher ofsetzen. De Standard huet sech an där Period mat enger Rei Zäitstrofe selwer geschwächt. An der Paus hat den HBD eng komfortabel Avance vu 5 Goler (16:11). Och am zweeten Duerchgang huet Diddeleng de Match sécher geréiert, an an der 50. Minutt (24:18) hat jidderee gemengt, den HBD géif als klore Gewënner vum Terrain goen. Mee no engem 4:0-Laf war de Standard an der 57. Minutt op eemol nees op 2 Goler drun (24:22). Diddeleng huet dës brenzleg Situatioun awer gemeeschtert an um Enn mat 4 Goler Avance gewonnen.

Den HB Esch konnt am Derby bei der Esperance Rëmeleng eng ongefäerdet 37:17-Victoire feieren. No 12 Minutte stoung et schonn 11:1 fir den Escher Fusiounsveräin, woumat kloer war, wéi de Match ausgoe sollt. An der Paus stoung et 16:7 fir d’Gäscht. Esch huet och am zweeten Duerchgang net labber gelooss an de Score weider no uewe geschrauft. Rëmeleng huet virun allem vun de 7 Goler vum Pit Bettendorf gelieft.

Den Tabellenéischten HC Bierchem hat sech e Freideg kloer a souverän 41:26 géint de Chev Dikrech duerchgesat. Dem jonken Oscar Wener, den Ersatzmann fir de blesséierte Yann Hoffmann, sinn dobäi 8 Goler gelongen.

Axa League Dammen
D’Red Boys Déifferdeng setzt sech in extremis 24:23 beim HB Esch duerch an huet weider d’Méiglechkeet, am Titelkampf mat Diddeleng a Käerjeng matzemëschen. Nodeem d’Ekipp vum Trainer Michel Scheuren no 11 Minutten 8:2 vir louch, haten déi meescht wuel mat engem rouege Matchverlaf gerechent. Dës Leit sollten enges Bessere beléiert ginn. Esch koum bis zur Paus op 12:14 erun a konnt de Spiiss no ronn 40 Minutten dréinen. Ab do war et en total oppene Match. Déifferdeng konnt en tëschenzäitleche Réckstand vun 3 Goler guttmaachen a sech mat 2 Goler an der leschter Minutt d’Victoire sécheren.

Den HB Museldall muss e Réckschlag am Kampf ëm Plaz 4 astiechen. Beim Chev Dikrech gouf et eng kloer 20:28-Néierlag fir d’Ekipp vum Trainer Jeff Paulus. De Chev konnt sech direkt am Ufank op 4-5 Goler ofsetzen an dëse Virsprong bis an d’Paus halen. De Museldall krut an der zweeter Hallschent zweemol e 4:0-Laf géint sech a konnt net méi zeréckkommen.

Am Kampf ëm déi lescht zwou Plaze konnt den HC Standard déi éischt Punkte fir dës Saison asäckelen. D’Ekipp aus der Haaptstad gewënnt 36:31 géint den HC Atert Réiden. De Standard hat de Match, dee bis zur Paus zimmlech spannend war, iwwer 60 Minutten am Grëff an hat eng maximal Avance vun 8 Goler.

De Match tëscht dem Rekordmeeschter Käerjeng an dem amtéierende Doublé-Gewënner Diddeleng gouf wéinst dem europäeschen Optrëtt vum HBD verluecht.