Rout Léiwe kréien et mat Malta ze dinn

© Val Wagner
D'Matcher ginn 2026 gespillt.
E Freideg an der Mëttesstonn war zu Nyon an der Schwäiz d'Auslousung fir déi zwee Playoff-Matcher vun der Futtball-Nationalekipp an der Nations League. D'Lëtzebuerger kréien et mat Malta ze dinn.
Bei dëse Matcher geet et drëm, an der Liga C ze bleiwen an net an d'Liga D ofzesteigen.
Den Allersmatch ass de 26. Mäerz 2026* op Malta. De Retourmatch 5 Deeg drop am Stade de Luxembourg.
Malta huet am Grupp 2 vun der Liga D géint d'Republik Moldau a géint Andorra gespillt. Si hunn auswäerts géint Andorra gewonnen, grad ewéi doheem géint d'Republik Moldau. Doheem géint Andorra gouf et nach e Gläichspill, wouduerch se op 7 Punkte komm sinn an hannert der Republik Moldau op Plaz 2 an der Tabell gelant sinn.
*De Playoff vun der Liga C/D gëtt effektiv 2026 gespillt. De Playoff vun der Liga B/C an der Liga A/B wéi och d'Véierelsfinalle vun der Liga A ginn den 20. an den 23. Mäerz 2025 gespillt. D'Halleffinalle vun der Liga A sinn de 4. a 5. Juni 2025 an d'Finall ass den 8. Juni 2025. All d'Datumer sinn um Site vun der Uefa nozeliesen.