Am éischte Schisprange vun der Saison gouf et iwwerdeems e Succès vun der Titelverdeedegerin Nika Prevc.

Am Schi Alpin ass bei den Dammen e Slalom zu Gurgl an Éisträich gefuer ginn. Dee konnt d'Mikaela Shiffrin fir sech entscheeden, woumat d'US-Amerikanerin och an der neier Saison nees déi éischt zwee Slalome gewënnt an hir 99. Weltcup-Victoire feiert. Hannendru sinn d'Plazen 2 an 3 un déi 18 Joer jonk Albanerin Lara Colturi an un d'Camille Rast aus der Schwäiz gaangen.

Zu Lillehammer an Norwegen gouf et beim éischte Schisprangen vun der Saison bei den Dammen eng Victoire fir d'Nika Prevc. Géint déi slowenesch Titelverdeedegerin war e Samschdeg op en Neits kee Kraut gewuess. Komplettéiert gouf de Podium vun den zwou däitsche Schispréngerinnen Katharina Schmid a Selina Freitag.

Bei den Häre gouf et zu Lillehammer zum Optakt vum Weltcup ee Succès vum Däitsche Pius Paschke. Hannendrun hunn et véier Éisträicher op d'Plazen 2 bis 5 gepackt, dorënner den Daniel Tschofenig an de Maximilian Ortner um Podium.