E Sonndeg huet d'Lëtzebuerger Härennationalekipp an der Pre-Qualifikatioun fir d'WM 2027 géint Rumänien gespillt.

Am Gymnase vun der Coque um Kierchbierg huet Lëtzebuerg virun 1.621 Zuschauer mat 78:84 verluer. E spéide Comeback sollt net duergoen, fir de Match ze dréinen.

Lëtzebuerger Häre verléiere knapp géint Rumänien / Shari Schenten

D'Gäscht hu vun der éischter Minutt un d'Favoritteroll ënnerstrach a louche schnell mat 12:0 a Féierung. Lëtzebuerg konnt virun der Paus nëmmen 1 Dräier duerch de Filet geheien, bei insgesamt 10 Versich, an d'Rumänen hunn sech weider ofgesat. An der Paus louchen d'Rout Léiwen 31:46 am Réckstand.

Lëtzebuerg huet am drëtte Véierel reagéiert a koum no engem klenge Laf op 4 Punkten erun. No engem Dräier vum Ben Kovac war de Réckstand op 44:48 geschrumpft. D'Rumänen hunn no enger Auszäit allerdéngs nees d'Kontroll vum Match iwwerholl, dat och well d'Gäscht hir Virdeeler ënner dem Kuerf konsequent genotzt hunn. Mat enger komfortabeler 65:49-Féierung sinn d'Gäscht an de véierte Véierel gestart.

D'FLBB-Selektioun huet Charakter gewisen a sech eng weider Kéier an d'Partie zeréckgekämpft. 3 Minutte viru Schluss louch Lëtzebuerg 70:74 am Réckstand, ganz zur Freed vun der ausverkaafter Hal. Rumänien hat déi besser Schlussphas a wënnt um Enn en enke Match an och den direkte Vergläich géint Lëtzebuerg.

De Ben Kovac huet mat 23 Punkte fir d'FLBB-Selektioun iwwerzeegt, de Clancy Rugg huet 19 Punkte bäigesteiert.

De véierten a leschte Match am Grupp B fir d'Lëtzebuerger Häre gëtt am Februar 2025 auswäerts an Norwegen gespillt. Insgesamt si bei dëser Pre-Qualifikatioun 10 Ekippen an 3 Gruppen am Asaz. Déi dräi Gruppenéischt an de beschte Gruppenzweete qualifizéieren sech fir den nächsten Tour.

All d'Resultater a Matcher vun der Lëtzebuerger Ekipp
Rumänien - Lëtzebuerg 72:76
Lëtzebuerg - Norwegen 58:72
Lëtzebuerg - Rumänien 78:84
20. Februar 2025: Norwegen - Lëtzebuerg

Tabell am Grupp B
1. Rumänien (3 Matcher, 5 Punkten)
2. Lëtzebuerg (3 Matcher, 4 Punkten)
3. Norwegen (2 Matcher, 3 Punkten)

Interview Max Logelin
De Max Logelin iwwer de Match géint Rumänien a seng Zukunft.

Kuckt de komplette Match am Replay

WM-Prequalifikatioun: Lëtzebuerg-Rumänien
Lëtzebuerg verléiert doheem mat 78:84.