Um Mëttwoch stoung am Lalux Ladies Cup bei den Dammen e virverluechte Match vun de Véierelsfinallen um Programm.

Den T71 Diddeleng ass mat Verletzungssuergen an de Match géint d'Amicale Steesel gestart. Niewent de blesséierten Nationalspillerinne Catherine Mreches a Michelle Dittgen konnt d'Profispillerin Lauren VanKleunen net matspillen. De Match war fir d'Zuschauer zu Diddeleng enorm spannend, béid Ekippen hunn sech näischt geschenkt, d'Resultat war bis kuerz viru Schluss enk an et war e richtege Coupematch, deen haart ëmkämpft war. Um Enn wënnt Diddeleng 76:66.

Mat de villen Ausfäll waren d'Isi Etute an d'Shalonda Winto op Säite vun der Lokalekipp gefuerdert fir Verantwortung ze iwwerhuelen. Béid Spillerinnen hunn e ganz staarke Match ofgeliwwert. Déi jonk Nationalspillerin Etute huet 37 Punkte markéiert a koum donieft op 14 Rebounds, d'Profispillerin Winton konnt 19 Punkten an 12 Rebounds zur Victoire bäisteieren.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Dammen