
Op der véierter Etapp vum O Gran Camiño a Spuenien gouf et eng Victoire vum Adam Yates. Op der Kinneksetapp tëscht Xinzo a Xunqueira de Espadanedo hat de Britt no 145,7 Kilometer a knapp 3.000 Héichtemeter eng Avance vu 46 Sekonnen op de Jorgen Nordhagen, an ass domat elo neie Leader am General.
Virun der leschter Etapp um Samschdeg am General féier de Yates mat enger Avance vu 34 Sekonnen op den Nordhagen.
De Lëtzebuerger Mats Wenzel gouf op der véierter Etapp den 18. op 2 Minutten a 34 Sekonnen. Am General steet hie virum Schlussdag op der 18. Plaz, mat engem Réckstand vun 3 Minutten a 55 Sekonnen.