Tennis
Iga Swiatek fir ee Mount wéinst Dopping gespaart

© SID/JORGE GUERRERO
D'Iga Swiatek, déi aktuell Nummer 2 an der Weltranglëscht, gouf offiziell fir ee Mount gespaart. Dat huet d'Tennis Integrity Agency (ITIA) matgedeelt.
Déi fënneffach Grand-Slam-Gewënnerin gouf am August positiv op Trimetazidin (TMZ) getest. D'Tennisspillerin huet gesot, datt si Melatonin zou sech geholl hätt, wéinst ënnert anerem dem Jetlag. Dëst Medikament muss net verschriwwe ginn a gëtt a Polen produzéiert.
D'Polin, déi dëst Joer d'French Open zu Paräis gewonnen huet, gouf scho provisoresch vum 22. September op de 4. Oktober gespaart. Deemno bleiwe just nach 8 Deeg, vun der Spär iwwreg.
Am meeschte gelies