D'Basis-Reegele vum Rugby kuerz erkläert
                    © Serge Feltes
E Samschdeg treffen d'Rout Léiwen am Kader vun der Rugby Europa Trophy op Kroatien. Am Virfeld hu mer emol déi wichtegst Reegele resuméiert.
Am Engleschen, wou de Rugby ganz bekannt ass, gëtt et e Spréchwuert. "Football is known as a gentlemen's game played by hooligans and rugby is a hooligan's game played by gentlemen". Also iwwersat "Futtball ass bekannt als e Sport fir Gentlemanen, dee vun Hooligans gespillt gëtt, an Rugby ass en Hooligansport, dee vun Gentlemane gespillt gëtt". Rugby ass e Sport mat immens ville Valeuren, dee senge Spiller wichteg Lektioune fir d'Liewe mat op de Wee gëtt. Am Rugby sinn nämlech Respekt, Disziplin, Integritéit an Teamwork enorm wichteg. Obwuel d'Natur vum Sport éischter brutal ass, encouragéiert de Rugby seng Spiller zum Fairplay an dozou, sech selwer am Grëff ze hunn. Dat esouwuel um Terrain, wéi och donieft. Well et awer eng Sportaart ass, déi fir vill Leit, déi sech net domadder auskennen, schwéier ze verstoen ass, hunn den Charly Stone vum RTL Today déi wichtegst Reegele an Opstellunge vum Spill emol zesummegefaasst.
Eng Ekipp besteet aus 15 Spiller, opgedeelt a Forwards (Stiermer) a Backs (Spiller hannert de Stiermer). Dobäi huet all Spiller eng spezifesch Roll a senger Ekipp. Eng Partie geet iwwer 80 Minutten, opgedeelt op zwou Hallschenten.
Wéi mécht ee Punkten?
Et gi véier verschidden Aarten e Punkt ze maachen:
- "Try" (5 Punkten): E Spiller beréiert mam Ball de Buedem am Gol-Beräich vum Géigner (als hannert de Golpottoen)
 - "Conversion" (2 Punkten): No engem Try kann eng Ekipp de Ball duerch d'Pottoe vum Géigner schéissen, dat vun där Plaz aus, wou den Try markéiert gouf. De Kicker, also deen dëse Schoss mécht, dierf d'Distanz zum Gol awer selwer bestëmmen.
 - "Penalty Goal" (3 Punkten): No engem Penalty kann d'Ekipp probéieren, mat engem Kick duerch d'Pottoe vum Gol ze markéieren.
 - "Drop Goal": E Spiller kann de Ball op de Buedem optuppe loossen a quasi mat engem Dropkick probéieren, de Ball tëscht d'Pottoe vum Géigner ze schéissen.
 
D'Basis-Reegelen
Rugby ass e Sport, bei deem en drëm geet, Terrain guttzemaachen. Dobäi dierfen d'Spiller de Ball mat der Hand awer just säitlech oder no hannen un hir Matspiller weiderginn. Passen no Vir si verbueden a féieren zu engem "Scrum" (Gedrécks). Eenzeg Méiglechkeet, fir de Ball no vir ze schéissen, ass mam Fouss. Esou kann eng Ekipp Terrain guttmaachen, dem Géigner de Ball ginn awer probéieren, deen direkt ze blockéieren ("Kick and Chase" genannt) oder nees a Ballbesëtz kommen.
D'Matcher si ganz physesch an d'Spiller kënnen d'Géigner tackelen, fir e Weiderkommen ze verhënneren. En Tackel ass fäerdeg, wann de Verdeedeger den Ugräifer, deen a Ballbesëtz ass, op de Buedem bruecht huet. Esoubal de Spiller am Ballbesëtz um Buedem läit, muss hien de Ball lassloossen, wat béiden Ekippen erméiglecht, fir ëm de Ball ze kämpfen. An dësem Fall schwätzt een da vun engem "Ruck".
Beim "Ruck" mussen d'Spiller mat hire Féiss um Buedem bleiwen a mat den Hänn dierfe si de Ball net beréieren, esoulaang drëm gekämpft gëtt. Am Ruck gëtt probéiert, fir d'Géigner vum Ball ewechzedrängen. Esoubal de Ball nees fräi ass, also net méi ënnert de Spiller am Ruck, dierf e Spiller en ophiewen a weiderspillen.
U sech mussen d'Spiller awer hannert dem Ball bleiwen, wa gespillt gëtt. Ass e Spiller awer virun deem Matspiller, deen de Ball kickt oder passt, dierf hien net méi agräifen, bis se nees aus dem Abseits eraus ass. Dëst ass och de Fall beim Ruck. De leschte Fouss beim Ruck definéiert d'Abseits-Linn fir d'Defense. Geet ee Spiller iwwert dës Linn eraus, éier de Géigner de Ball huet, päift den Arbitter Abseits an e Penalty gëtt ausgeschwat.
Gëtt sech net un d'Reegele gehalen, kann eng vun dräi Saachen passéieren:
- "Scrum": Béid Ekippe sti sech mat 8 Spiller an dräi Reie géintiwwer. Béid Reie probéieren, sech Schëller géint Schëller no hannen ze drécken, fir nees a Ballbesëtz ze kommen.
 - "Lineout": Wann de Ball an d'Aus geet, gëtt e "Lineout" genotzt, fir d'Spill nees unzefänken. De Ball gëtt vun engem Spiller eragehäit a seng Matspiller hiewen ee vu sech op, fir un de Ball ze kommen.
 - "Penalty": Wann d'Reegelen net agehale ginn, wéi duerch Abseits, Feeler am "Ruck" oder héich ugesaten Tackelen, päift den Arbitter e Penalty. Dann dierf de Géigner decidéieren, ob ee fir e Gol kickt, e "Kick to touch" (De Ball no Vir kicken, fir e méigleche Raumgewënn ze maachen) oder en "Tap and Run" (De Ball kuerz mam Fouss beréieren, fir direkt weiderspillen ze kënnen) mécht.
 
Et sinn nach ëmmer Tickete fir de Match Lëtzebuerg Kroatien ze kréien. Vill Spiller vun de roude Léiwe spillen op engem héije Level, dorënner beim Rugby Club Lëtzebuerg an der 1. Däitscher Bundesliga, zu Walfer an der 2. Bundesliga oder verstreet an aneren Ekippen an Däitschland, Frankräich, Holland oder Schottland. De Match gëtt e Samschdeg um 6 Auer am Stade de Luxembourg ugepaff an och live op RTL.lu gestreamt.