Spektakulären Optakt no Chrëschtdag: Den Australier Damon Heta huet bei der Darts-WM 2025 fir deen zweeten Néng-Darter gesuergt.

Direkt am éischte Match no der Paus iwwer d'Chrëschtdeeg ass dem "The Heat" bei der Darts-WM zu London dat perfekt Spill gegléckt. Den Australier huet d'Partie géint den Englänner Luke Woodhouse awer mat 3:4 verluer a verpasst domadder d'Aachtelsfinallen.

Den Heta hat schonn an der zweeter Ronn géint de Connor Scutt (3:1) aacht "perfekt" Darts gespillt, deemools awer d'Duebel 12 verpasst. Dës hätt hien iwwer d'Feierdeeg speziell trainéiert, sou de Pompjee virum Match - dat huet sech um Enn ausbezuelt.

Fir all Néng-Darter gi vum Haaptsponsor vun der Darts-WM 180.000 Pond (knapp 215.000 Euro) ausbezuelt. D'Präisgeld gëtt duerch dräi gedeelt a geet un den erfollegräiche Spiller, e Fan, dee per Zoufallsprinzip bestëmmt gëtt, an de gudden Zweck.

Dat éischt perfekt Spill bei dëser WM war den 18. Dezember dem Christian Kist gelongen, och den Hollänner war duerno eliminéiert ginn.