D'Wimbledon-Gewënnerin Barbora Krejcikova verpasst den éischte Grand Slam vum Joer.

Déi 29 Joer al Tschechin huet e Sonndeg iwwer déi sozial Netzwierker matgedeelt, datt hir Blessur um Réck, déi si schonn um Enn vun der leschter Saison geplot hat, nach net ganz ausgeheelt wier.

D'Australian Open starten den 12. Januar.

D'lescht Joer war d'Krejcikova beim éischte Grand-Slam-Tournoi vun der Saison bis an d'Véierelsfinall komm an hat do géint déi spéider Gewënnerin Aryna Sabalenka aus Belarus verluer.

Nummer 1 op der Welt start mat Victoire an d'Saison

D'Aryna Sabalenka ass iwwerdeems e Sonndeg mat enger Victoire an d'Saison gestart. D'Nummer 1 op der Welt huet d'Finall vum Preparatiounstournoi fir d'Australian Open zu Brisbane géint d'Russin Polina Kudermetowa an dräi Sätz mat 4:6, 6:3 a 6:2 gewonnen.