Ettelbréck wënnt de Spëtzematch géint Esch, Diddeleng klappt Bartreng

© Shari Schenten
Um Sonndeg war an der Enovos League bei den Hären d'Suite vum 15. Spilldag, bei den Dammen stoung ee Match vum 14. Spilldag um Programm.
Hären
Bei den Häre koum et zum Spëtzematch tëschent dem Leader Etzella Ettelbréck an dem Tabellenzweete Basket Esch. An der éischter Hallschecht hunn d'Zuschauer en ausgeglachene Match gesinn, d'Gäscht louchen no 20 Minutten mat 41:40 a Féierung. Nom Säitewiessel huet d'Lokalekipp ëmmer besser getraff a konnt sech e klenge Virsprong erkämpfen. D'Gäscht aus dem Süden hunn net labber gelooss, konnten de Réckstand awer net méi ophuelen. Um Enn wënnt d'Etzella88:82. Den Jimmie Taylor (23 Punkten) an de Philippe Gutenkauf (19) waren op en Neits e staarken Duo fir d'Lokalekipp. Duerch dës Victoire vergréissert Ettelbréck säi Virsprong un der Tabellespëtzt an huet domat eng exzellent Ausgangspositioun, fir am Mäerz als Tabellenéischten an d'Playoffs ze starten.
Den T71 Diddeleng huet de Match géint d'Sparta Bartreng staark ugefaangen a louch an der Paus 62:41 a Féierung. D'Gäscht vu Bartreng, déi mam Jaylen Sebree en neie Profispiller am Kader hunn, konnten allerdéngs no der Paus eng Reaktioun weisen a sech bis op 3 Punkten erukämpfen. No enger hektescher Schlussphas wënnt Diddeleng 89:87. Den Edward Colbert konnt mat 34 Punkten iwwerzeegen.
De (wuel) entscheedende Worf vun Diddeleng
De Champion Amicale Steesel setzt auswäerts sech mat 103:85 géint Mambra Mamer duerch. 6 Spiller vun de Gäscht hunn op d'mannst 10 Punkte markéiert, den Elyjah Goss koum op 27 Punkten. Bei Mamer huet den Domenick Sleva säin Debut gefeiert, de Profiduo Sleva an
Hilmer huet zesummen 63 vun de 85 Punkte fir d'Lokalekipp gehäit.
Um Freideg hat sech d'Fiels däitlech mat 95:70 géint Munneref duerchgesat. D'Matcher Musel Pikes géint Résidence Walfer an AB Conter géint US Hiefenech vum 15. Spilldag ginn de 7. Januar respektiv de 15. Januar gespillt.
Dammen
Um Sonndeg huet sech d'Sparta Bartreng mat 87:68 géint de Basket Esch behaapt. Mat engem staarken drëtte Véierel huet sech d'Lokalekipp ofgesat, d'Kyaja Williams koum op 27 Punkte fir d'Sparta.