Liverpool kann net vun Arsenal-Gläichspill profitéieren

© AFP
Am Derby géint Manchester United gouf et dat selwecht Resultat wéi tëscht Arsenal a Brighton e Samschdeg. An der Ligue 1 krut Stroossbuerg wichteg Punkten.
Premier League
Liverpool - Manchester United
0:1 Martinez (52'), 1:1 Gakpo (59'), 2:1 Salah (70', Eelefmeter), 2:2 Amad (80')
Un der Anfield Road war ee frou, dass de Match iwwerhaapt gespillt gi konnt, well wéinst dem ville Schnéi war laang net kloer, ob ugepaff kéint ginn. De Match tëscht dem ale Rekordchampion Liverpool (19) an dem aktuelle Rekordhaber ManU (20) huet e bësse gebraucht, bis en u war. D'éischt Hallschent hat keng Goler fir d'Spectateuren iwwereg, mee déi zweet dofir ëmsou méi. ManU konnt mam zweete Schoss op de Gol a Féierung goen, mee den Tabelleleader konnt kuerz drop zeréckschloen. Mam Eelefmeter vum Salah haten d'Leit am Stadion scho gemengt, de Match wär gelaf, haten d'Rechnung awer ouni den Amad gemaach. Liverpool verpasst et domat, seng Avance an der Tabell op Arsenal London auszebauen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Stroossbuerg - Auxerre 3:1
0:1 Traoré (14'), 1:1 Diarra (45'+4), 2:1 Lemaréchal (59'), 3:1 Emegha (87')
Duerch déi dräi Punkte géint Auxerre mécht Stroossbuerg e groussen a wichtege Sprong ewech vun den Ofstigsplazen. D'Elsässer hunn elo 5 Punkte Virsprong op Nantes op der 16. Plaz.