Nodeem de Golkipp vu Bochum vun engem Briquet getraff gouf, gouf d'Partie zu Berlin beim Stand vun 1:1 ënnerbrach a laang dono weidergespillt.

Elo ass d'Urteel vum DFB, géint dat een awer nach an Appell ka goen, do. Deemno verléiert Berlin d'Partie mat 0:2 géint Bochum. Als Argumentatioun heescht et vum DFB-Sportgeriicht, datt duerch de Worf vum Briquet "Spillfäegkeet" vum Golkipp vum VFL Patrick Drewes "ageschränkt" gouf. Dëst huet d'Geriicht als bewisen ugesinn. D'Unioun vu Berlin huet elo eng Woch Zäit, fir an Appell ze goen.

Kuerz no der Partie hat Bochum Protest ageluecht, well de Match mat 1:1 gewäert gi war. Den Drewes war kuerz viru Schluss vun der Partei vum Briquet um Kapp getraff ginn. Den 31 Joer ale Golkipp konnt net weiderspillen a koum wéinst Schwindel an Iwwelzegkeet an d'Spidol. D'Partie war 30 Minutten ënnerbrach a gouf dunn ouni Drewes weidergespillt. D'Ekippen um Terrain hunn awer zu deem Ament net méi attackéiert an de Match ausklénge gelooss.