An der Finall géint Sporting Lissabon ass d'Entscheedung am Elefmeterschéissen gefall. Hei huet de Leandro Barreiro zum tëschenzäitlechem 6:5 getraff.

Sonndeg

An Holland ass den Enes Mahmutovic e Sonndeg vun der Bänk aus net an den Asaz komm. Den NAC Breda huet sech dobäi virun den eegene Spectateure misse mat 2:4 géint den SC Heerenveen geschloe ginn.

Samschdeg

An der Finall vum portugiseschem Liga-Pokal ass et e Samschdeg den Owend zum Derby tëscht Sporting a Benfica Lissabon komm. D'Finall ass awer net zu Lissabon gewiescht, mee gëtt traditionell zu Leiria ausgedroen. De Leandro Barreiro ass bei Benfica an der 72. Minutt agewiesselt ginn. No 90 Minutte stoung et 1:1 tëscht béid Formatiounen, sou dass d'Entscheedung ouni Verlängerung direkt am Eelefmeterschéisse misst falen.  Am Eelefmeterschéissen ass och de Lëtzebuerger Nationalspiller ugetrueden, an huet zum tëschenzäitlechem 6:5 fir Benfica getraff. Um Enn gewënnt Benfica d'Finall vum Liga-Pokal mat 7:6 a ka sech iwwert den éischten Titel an dëser Saison freeën.

An der Belsch huet Union Saint-Gilloise mat 2:1 géint RSC Charleroi gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalkeeper Anthony Moris stoung 90 Minutten am Gol vu Saint-Gilloise.

Den Danel Sinani huet an der däitscher Bundesliga mat St. Pauli 0:1 géint Eintracht Frankfurt verluer. De Lëtzebuerger stoung dobäi an der Starteelef vun den "Kiezicker".  Dobäi huet Pauli nom Réckstand eng gutt Reaktioun gewisen an hat hirersäits direkt e puer gutt Chancen den Ausgläich ze markéieren. Och de Danel Sinani hat 2 gutt Chancen, ënnert anerem ass säi Volley-Schoss aus der 35. Minutt awer iwwert de Gol gaangen. 2 Minutte mei spéit huet den Trapp am Frankfurter Gol dem Sinani säi Schoss konnte paréieren. An der 78. Minutt gouf de Sinani ausgewiesselt. Den Ausgläich sollt St. Pauli net mei geléngen, sou dass de Match mat 0:1 verluer gaangen ass. Weider Informatiounen iwwert Bundesliga fannt dir hei.

An der 2. Liga a Frankräich, der Ligue 2, huet Bastia am eegenem Stadion mat 4:0 géint Ajaccio gewonnen. De Florian Bohnert gouf bei der Lokalekipp an der 80. Minutt agewiesselt. Bastia steet an der Tabell op der 8. Plaz.