Marco Odermatt wënnt de Riseslalom zu Adelboden

© AFP
Bei den Damme konnt sech d'Lauren Macuga am Super G duerchsetzen.
Schi Alpin
Am Riseslalom zu Adelboden gouf et e Sonndeg ee Succès fir de Marco Odermatt. De Schwäizer war no zwee Duerchgäng 0.20 Sekonne méi séier wéi säi Landsmann Loïc Meillard. Déi drëtt Plaz um Podium war fir den Italiener Luca de Aliprandini mat engem Ecart vun 0.69 Sekonnen.
Am éisträichesche St. Anton huet sech dann d'Lauren Macuga d'Victoire am Super G geséchert. D'US-Amerikanerin stoung no engem Duerchgang mat engem Ecart vun 0.68 Sekonnen virum Stephanie Venier aus Éisträich an 0.92 Sekonne virum Federica Brignone aus Italien.
Biathlon
An der Mixed-Staffel zu Oberhof iwwer 4x7,5 Kilometer gouf et e Sonndeg eng Victoire fir d'Ekipp aus Schweden, déi trotz zwee Feeler beim Schéissen 12.80 Sekonnen viru Frankräich (1 Feeler) op d'Arrivée komm war. Norwegen huet sech mat engem Feeler an 1:11.40 Minutt déi drëtt Plaz geholl.