Am Sport bleiwen Inegalitéiten tëschent Fraen a Männer eng Realitéit.

Um zweeten Internationalen Dag vum Fraesport um Mëttwoch organiséiere 14 Gemenge verschidden Aktivitéiten, fir op dës Ongerechtegkeeten opmierksam ze maachen.

Internationalen Dag vum Fraesport zu Lëtzebuerg / Reportage Carla Schuller

Den Dag gouf 2014 a Frankräich an d’Liewe geruff, nodeems festgestallt gouf, dass de Fraesport am Verglach nach ëmmer wéineg mediatiséiert wier. Zu Lëtzebuerg gëtt dës Initiativ vum Nationale Fraerot ënnerstëtzt. Et geet virun allem drëm, datt de Fraesport an d'Inegalitéite méi Visibilitéit kréien.

Et wier wichteg, jonk Meedercher ze encouragéieren, erkläert d'Norma Zambon, Responsabel fir de Sport an der Gemeng Esch:

"Et ass einfach wichteg, de jonke Meedercher, de Fraen ze soen: 'Maacht Sport.' Och si hunn d’Recht, sech ze beweegen a Verantwortung ze iwwerhuelen. Ech menge vu 60 Sportfederatiounen hu mir just fënnef Präsidentinnen. Mir hu ganz wéineg Sekretärinnen. All déi entscheedend Poste ginn nach ëmmer vu Männer gedroen."

D’Inegalitéite ginn nach méi wäit. Präisgelder si meeschtens manner héich bei Frae wéi bei de Männer. Stereotyppen, Virurteeler a Responsabilitéiten, déi ongerecht verdeelt sinn, alles dat féiert dozou, datt manner Fraen aktiv Sport maachen. De Fraesport huet donieft vill manner Visibilitéit.

D’Gemenge kéinten d’Situatioun awer net eleng änneren, erkläert den Ed Buchette, Responsabel fir de Sport an der Gemeng Mamer:

"De Message ass ganz einfach: 'Trau dech. Jidderee soll matmaachen.' Wann iergendwellech Barrièren do sinn, da soll een d’Gemeng an d’Sportskommissioun informéieren, fir dass mer kënnen intervenéieren. Sou dass d’Konditiounen optimal sinn."

D’Zil ass et, de Fraen a Meedercher méi Offeren ze proposéieren. Och d’Sensibiliséierung fir Ongerechtegkeete wier wichteg grad ewéi de Kampf géint Stereotyppen. Et wéilt een eng sécher Plaz bidden andeems Mëssbrauch a Belästegung an de Sportsveräiner bekämpft ginn.

Et géif sech awer alles richteg entwéckelen, seet d’Simone Beissel, Stater Schäffin a Member vun der Sportskommissioun:

"Ech géif soen, mir ginn an déi richteg Direktioun. Ëmmer méi Gemengen héieren, dass den Dag existéiert, dass de Kollektiv besteet. Esou maachen ëmmer méi Gemenge mat a maachen dann och eng Prise de conscience, dass Meedercher a Fraen awer méi gefërdert ginn a méi Loscht kréien, well se méi gebuede kréien. Fir d’Gemengen ass dat da jo nëmme positiv."

D’Aktivitéite vun de bedeelegte Gemenge sinn divers. Et geet vun Filmer iwwer Sportsdeeg bis bei Expositiounen. D’Hoffnung ass et, d’Plaz vun de Fraen am Sport ze verbesseren.