Zu Greiweldeng war rezent eng Table Ronde op där fréier Spëtzesportler en Abléck an hiert Liewe ginn hunn.

De Wee zum Spëtzesportler an nees zréck an Liewen no der Sportlerkarriär - Dëst war den Titel vun enger Table Ronde, déi vun der Gemeng Stadbriedemes organiséiert ginn ass.

Déi fréier Spëtzesportler Jempy Drucker, Christine Maillet, Dirk Bockel an David Fiegen hu wärend annerhallwer Stonn vill Ablécker ginn, wéi si hir Fin de carrière erlieft hunn a wat si haut maachen. Virun allem gouf awer iwwer de ganzen Drock geschwat, deen ob emol entseet. 

60 Leit waren am Veräinsbau zu Greiweldeng mat dobäi. Si ware mam Owend ganz zefridden. Flott fir si war virun allem, datt si Froen dierfte stellen, fir nach méi gewuer ze ginn.