Lëtzebuerg géint Litauen ass ausverkaaft
D'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp spillt dëse Weekend an der Coque am Play-Off géint Litauen. Mat 1.050 Spectateure kritt d'FLT-Formatioun vill Ënnerstëtzung.
Falls d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp dës Partie géif gewannen, géife si an de Weltgrupp 1 opsteigen. Am Sport ass den Heemvirdeel immens wichteg an Hëllefe kéint de Public dëst ze realiséieren. Dëse Weekend kréien Tennisspiller nämlech mat 1.050 Spectateure vill Ënnerstëtzung.
Domat sinn dann och keng méi ze kréien. Full House deemno fir Partie Lëtzebuerg géint Litauen. D'Davis-Cup-Ekipp freet sech op dëse Support zielen ze kënnen.
Den Alex Knaff, aktuell Nummer 718 an der Weltranglëscht: "Et ass eng Chance fir de Lëtzebuerger Tennis sech ze weisen an och eng flott Pub. Ech sinn och frou, dass mir déi Chance kréien hei am Land, zanter laangem, nees kënnen ze spille mat enger gudder Stëmmung hoffentlech."
Den Alex Knaff an de Chris Rodesch wäerten den Eenzel spillen. Géint wie gëtt e Freideg ausgeloust. Egal wéi ginn déi net einfach. D'Litauer hu mam Ricardas Berankis eng fréier Nummer 50 an der Ekipp. Ob Lëtzebuerger Säit ass de Chris Rodesch dee beschten an der Weltranglëscht.
D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet an deene leschte Matcher Confiance getankt, ass gutt a Form a kéint eng wichteg Roll an dëser Partie spillen.
"Ech hu vill Matcher d'lescht Joer gewonnen a krut vill Spillpraxis wat och wichteg ass. De leschte Mount stoung ech an enger ¼ Final (zu Nottingham) an an enger ½ Final (zu Esch). Sou Resultater gi Confiance an ech hoffen, dass ech déi elo nach weider notze kann."
De Belag am Tennis spillt och ëmmer eng wichteg Roll. Den aktuellen Terrain kéint der FLT-Formatioun awer an d'Kaarte spillen.
De Kapitän vun der Davis-Cup-Ekipp, de Gilles Müller: "Hir Stäerkte sinn éischter, op engem méi luese Belag ze spillen. Dofir kënnt de Faite, dass mir an der Hal spillen, eis entgéint. Et sinn awer Spiller, déi dat ganzt Joer op der Tour ënnerwee sinn, dofir wäerte si och hei eens ginn. Et gëtt definitiv e schwierege Match, mee mir wäerten eis Chancen hunn."
E Samschdeg ginn 2 Simpele mam Alex Knaff a Chris Rodesch gespillt, ier dann e Sonnden de Moien op d'mannst en Doubel um Programm steet. Falls dir keen Ticket sollt kritt hunn, kënnt Dir alleguerte Matcher bei eis am Livestream op RTL.LU kucken.