D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp kéint d'Sensatioun packen, fir sech fir d'EM am Juni ze qualifizéieren.

Dës Woch spillt d'Ekipp vum Mariusz Dziurdzia déi lescht zwee Matcher vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025. En Donneschdeg kritt een et mat Bosnien-Herzegowina ze dinn an dann e Sonndeg geet et géint Montenegro.

D'Rees iwwer Zürech op Sarajewo ass ouni Problemer verlaf, esou d'Anne Simon. D'Profispillerin ass och zefridde mam Hotel, der Hal an der ganzer Organisatioun a Bosnien-Herzegowina. Leider muss d'Ekipp op déi krank Lena Mersch an déi blesséiert Esmeralda Skrijelj verzichten. D'Ehis Etute ass net vun hirer Uni am Oregon fräigestallt ginn. De Coach Mariusz Dziurdzia muss deemno mat nëmmen 11 Spillerinnen auskommen, betount awer, dass déi den Ausfall vum Etute am Kollektiv kompenséiere kënnen.

Lëtzebuerg ass am Grupp H punktgläich mam Montenegro Tabelleleader. Mat engem Punkt Retard huet och nach d'Schwäiz Chancen, sech ze qualifizéieren. Den Allersmatch hat Lëtzebuerg an der Coque mat 77 op 64 géint Bosnien gewonnen. De Mariusz Dziurdzia erwaart sech awer eng aner Ekipp. Et sinn nei Spillerinnen, déi och am Ausland spillen, dobäi komm. An déi wëlle sech hirem Trainer weisen.

De Match géint Bosnien-Herzegowina ass en Donneschdeg den Owend um 18 Auer a gëtt live op RTL.lu mat Kommentar iwwerdroen.

Niewent den aacht Gruppenéischte qualifizéiere sech och déi véier bescht Gruppenzweet fir d'Europameeschterschaft 2025, déi an Italien, Däitschland, Griichenland an Tschechien gespillt gëtt, dat vum 18. bis den 29. Juni. Fir Lëtzebuerg steet deemno fest, dass ee sech mat zwou Victoirë sécher fir d'EM qualifizéiert, awer och eng Victoire kéint duergoen, fir den historesche Coup ze realiséieren.