Johannes Thingnes Bö elo Rekordweltmeeschter am Biathlon

© AFP
De Bö hat sech de Rekord bis elo mat sengem Landsmann Ole Einar Björndalen (20 Titelen) gedeelt. Am Schisprange gouf et bei den Dammen e Schreckmoment.
Bei der Biathlon-Weltmeeschterschaft zu Lenzerheide an der Schwäiz huet de Johannes Thingnes Bö säin 21. Weltmeeschtertitel gefeiert an domat den Ole Einar Björndalen (20 Titelen) hannert sech gelooss. Bis ewell hate sech béid Norweeger de Rekord gedeelt. Am Sprint hat de Bö, deen am Schéisse feelerfräi blouf, bei topp Wiederkonditiounen eng grouss Avance op den Amerikaner Campbell Wright (+ 27,7 Sekonnen), deen eng iwwerraschend gutt Course gelaf war. De Fransous Quentin Fillon Maillet koum mat 37 Sekonne Réckstand an engem Schéissfeeler op déi drëtt Plaz.
Och am Schi Alpin gëtt am Moment d'Weltmeeschterschaft ausgedroen, dat awer zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich. Hei konnt sech d'Schwäizerin Camille Rast de gréissten Erfolleg vun hirer Karriär feieren. Si gewënnt de Slalom virun hirer Landsfra Wendy Holdener (+ 0,46 Sekonnen) an der Éisträicherin Katharina Liensberger (+ 1,32). Aus Lëtzebuerger Siicht war fir d'Schwëstere Gwyneth an Joyce Ten Raa d'Kompetitioun schonn no der éischter Manche eriwwer.
D'Schisprénger waren e Samschdeg zu Sapporo a Japan am Asaz. Hei konnt de Lokalmatador Ryoyu Kobayashi säi Virdeel ausnotzen a sech kloer virum Jan Hörl an dem Domen Prevc, déi just 0,5 Punkte getrennt hunn, duerchsetzen. Den Daniel Tschofenig, de Gewënner vun der Véierschanzentournee, huet de Podium ëm 0,1 Punkt verpasst. Den Éisträicher (1.556 Punkten) huet am Gesamtweltcup awer weiderhin eng kloer Avance op säi Landsmann Hörl (1.383).
D'Damme waren op der Weltcup-Tournee zu Ljubno a Slowenien ënnerwee. Op der klenger Schanz konnt sech d'Lokalmatadorin Nika Prevc, déi och Leaderin am Gesamtweltcup ass, virun der Däitscher Selina Freitag duerchsetzen. D'Thea Minyan Björseth aus Norwegen huet de Podium komplettéiert, konnt hiren Erfolleg awer net feieren. Nom éischten Duerchgang louch si duerch hire Sprong op 97 Meter, wat Schanzerekord bedeit huet, op der 1. Plaz, ass bei der zweeter Landung awer esou schwéier gestierzt, dass si an d'Spidol huet mussen transportéiert ginn.