Donieft huet Neapel an Italien d'Tabelleféierung un Inter Mailand verluer.

Och eng Rei Lëtzebuerger Futtballer waren de Weekend mat hiren auslännesche Veräiner am Asaz. An der 2. däitscher Bundesliga huet Köln mam Mathias Olesen d'Tabelleféierung verluer.

Bundesliga

Leipzig - Heidenheim 2:2
0:1 Honsak (6'), 0:2 Pieringer (13', Eelefmeter), 1:2 Openda (45+2'), 2:2 Sesko (64', Eelefmeter)

Den FC Heidenheim ass géint Leipzig gutt an de Match komm, huet dunn awer géint engagéiert Leipziger eng 2-Goler-Féierung aus der Hand ginn. Mam 2:2 an dem éischte Punkt an der Réckronn dierft een awer net ganz onzefridden Heem fueren. Leipzig dierft sech géint den Ofstigskandidat méi erhofft hunn.

Bayern München - Frankfurt 4:0
1:0 Olise (45+3'), 2:0 Ito (61'), 3:0 Musiala (83'), 4:0 Gnabry (90+2')

Den FC Bayern huet säi souveräne Virsprong an der Futtball-Bundesliga mat enger Victoire géint Frankfurt behaapt. Déi Münchner hu sech am Spëtzematch géint Frankfurt verdéngt mat 4:0 duerchgesat a leien domat weider aacht Punkte virum Champion Bayer Leverkusen.

De Kimmich huet an der 42. Minutt op Säite vun de Bayern missen ausgewiesselt ginn. Nom Match koum awer eng liicht Entwarnung. Wéi et vun de Responsabelen heescht, géing et wuel net ganz esou schlëmm ausgesinn. De Kimmich war schonn ugeschloen an d'Partie gaangen.

Premier League

Manchester City - Liverpool 0:2
0:1 Salah (14'), 0:2 Szoboszlai (37')

Den FC Liverpool huet mat senger Victoire am Prestigeduell e grousse Schratt a Richtung Premier-League-Titel gemaach. Beim Champion Manchester City huet d'Ekipp vum Arne Slot mat 2:0 gewonnen. Duerch de Succès baut een d'Tabelleféierung virun Arsenal op eelef Punkten aus. D'Gunners hunn allerdéngs nach ee Match manner um Konto.

Newcastle - Nottingham 4:3
0:1 Hudson-Odoi (6'), 1:1 Miley (23'), 2:1 Murphy (25'), 3:1 Isak (33'), 4:1 Isak (34'), 4:2 Milenkovic (63'), 4:3 Yates (90')

Serie A

Como - Neapel 2:1
1:0 Rrahmani (7'), 1:1 Raspadori (17'), 2:1 Diao (77')

Och am véierte Match noenee konnt den SSC Neapel den Terrain net als Gewënner verloossen. No dräi Remise gouf et um Sonndeg eng Néierlag géint Como. D'Tabelleféierung ass domadder och fort. Hei huet een elo ee Punkt Retard op den neie Leader Inter Mailand.

De Match hat fir Neapel denkbar schlecht ugefaangen. Duerch e Selbstgol vum Rrahmani louch ee schonn no 7 Minutte mat 0:1 hannen. D'Gäscht hunn awer net laang gebraucht, fir eng Äntwert ze fannen. An der 17. Minutt huet de Raspadori op 1:1 gesat. An der Suite konnt sech keng Ekipp kloer Virdeeler erausspillen. Déi decisiv Aktioun koum um Enn vu Säite vu Como. No engem Feeler am Spillopbau ass de Paz un de Ball komm an huet dësen un den Diao weidergeleet. Dëse stoung op der Strofraumlinn ganz eleng a konnt an der 77. Minutt den 2:1 schéissen. Neapel ass keng Reaktioun méi gegléckt, sou datt ee kee Punkt mat heem hëlt.

Empoli - Atalanta 0:5
0:1 Gyasi (27'), 0:2 Retegui (33'), 0:3 Lookman (43'), 0:4 Lookman (43'), 0:5 Zappacosta (74')

Atalanta huet den Ofstigskandidat Empoli mat 5:0 iwwerrannt. Duerch d'Victoire huet ee weiderhin 3 Punkte Retard op de Leader Inter Mailand

Ligue 1

Nice - Montpellier 2:0
1:0 Clauss (30'), 2:0 Boudaoui (65')

La Liga

Real Madrid - Girona 2:0

1:0 Modric (41'), 2:0 Vinicius Junior (83')

Duerch d'2:0-Victoire vum Real géint Girona bleift Madrid gläichop mat Barcelona un der Spëtzt vun der Tabell.