De Racing Lëtzebuerg steigt an d'Enovos League op

© Racing
Um Sonndeg ass an der Nationale 2 bei den Hären eng Entscheedung gefall, de Racing Lëtzebuerg steigt an d'Enovos League op.
D'Ekipp aus der Haaptstad konnt sech e Freideg mat 103:91 géint Zolwer behaapten. Um Sonndeg huet de Gréngewald Hueschtert géint de BC Mess verluer an doduerch steet den Opstig vum Racing mathematesch fest.
Den Opstig war just eng Fro vun der Zäit, d'Ekipp vum Trainer Adam Radomirovic ass dës Saison an der Nationale 2 ongeschloen, huet all 19 Matcher gewonnen, dorënner déi dräi Playoff-Matcher. Elo, wou nach 7 Spilldeeg ze spille bleiwen, kann de Club sech schonn op déi nächst Saison virbereeden.
Déi beschte Chancen op déi zweeten Opstigsplaz huet aktuell Schieren, de Club läit an der Tabell dräi Punkte virum Kordall an dem Gréngewald. Den Drëttplacéierten huet nach d'Méiglechkeet, den Opstig iwwer d'Relegatioun ze packen.